Radioen

On air

Notturno  |  Brian Eno - Needles In The Camel's Eye

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi erliewe Politikerinne sexistescht Verhalen?

Den Hallwer Néng

Wéi erliewe Politikerinne sexistescht Verhalen?

Politikerinne stinn an der Ëffentlechkeet an dat ka vu verschiddene Leit ausgenotzt ginn. D'Maxime Miltgen vun der LSAP an d'Line Wies vun déi Lénk erziele vun hiren Erliefnisser.

auto_stories

2 min

headphones

8 min

play_arrow
D'Maxime Miltgen (LSAP) an d'Line Wies (déi Lénk)

Kuerz virun de Walen hu Politikerinne vu verschiddene Parteien zesummen e Video publizéiert, an deem si vun hiren Erliefnisser mat Sexismus erzielen. D'Maxime Miltgen vun der LSAP an d'Line Wies vun déi Lénk hunn allebéid hu scho Kommentare gemaach kritt, déi d’Zil hunn si als weiblecht Geschlecht an der Politik net Eescht ze huelen a se ze ënnerdrécken.

Dat mécht eppes mat engem – do ware sech déi zwou Politikerinnen eens. Virun allem mat der eegener Motivatioun an och mam Engagement, dat fir d’Line Wies immens vill Courage brauch.

"Wann ee weess, Sexismus, et ass keng Banalitéit, et ass eng Form vu Gewalt. Et steet fir honnerte vu Jore vun Ënnerdréckung vun der Fraen. A mir hunn alleguer, och als Fraen integréiert, dat Schema, datt mer net sou vill Wäert sinn, gesellschaftlech wéi Männer. Datt mer eis och selwer sabotéieren."

"En éiwege Kampf"

D’Maxime Miltgen betount och, datt Frae vu klengem un anescht erzunn a sozialiséiert ginn, fir brav ze sinn a sech unzepassen.

"A da weess een net méi sou richteg wat ee maache soll, dat kascht richteg vill Energie, et zweiwelt een ëmmer méi u sech selwer. An dat kann dozou féieren, datt een dat net méi well matmaachen. Datt ee seet: ech hu lo aner Prioritéiten, well et en éiwege Kampf ass mat sech selwer a géint sou Saachen."

Sexistesch Ugrëff gi banaliséiert

Et géif och dacks wouer geholl ginn, wéi eppes, wat "jo net esou schlëmm ass", esou nach d’LSAP Politikerin Maxime Miltgen. Da géif gesot ginn: "féier keng op oder et war e Witz". Et gëtt also banaliséiert.

Sexismus kennt vill Gesiichter an all Kéiers ass et eng Form vu Gewalt. Dat soen d’Maxime Miltgen vun der LSAP an d’Line Wies vun déi Lénk.

Lauschterenplay_arrow

 

 

Aktualitéit
Chamberwalen 2023
Politik a Gesellschaft
Interview