Radioen

On air

Notturno  |  The Bures Band - Birds Nest

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Politik ass (just) e Spigelbild vun eiser Gesellschaft

Fräie Mikro

D'Politik ass (just) e Spigelbild vun eiser Gesellschaft

Elo wou d’Walen eriwwer sinn an d’Zäit vun de wonnerschéine parteipolitesche Versprieche gläich ofkléngt, kënnt eng nei Legislatur op eis duer. D’Erausfuerderunge bleiwen awer déi selwecht, seet de Lauent Moyse a sengem Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Déi aktuell Legislatur, déi eréischt Enn Oktober – also nom Walgang – offiziell ofgeschloss gëtt, ass déi vun alle Rekorder. Nach ni ass esou vill parlamentaresch Aarbecht geleescht gi wéi vun 2018 bis 2023, huet de Chamberspresident an der leschter Sëtzung virun de Wale betount. Effektiv ass quantitéitsméisseg vill Aarbecht geleescht ginn, wat och zum Deel mat der sanitärer Kris ze dinn hat. Et kënnt een awer net ëmhin, sech Froen iwwert d’Funktiounsweis vun der Politik hei am Land ze stellen.

D'Politik gëtt den Uschäin nëmme kuerzfristeg ze denken

Kuerz virun de Wale sinn nämlech eng onzählech Gesetzesprojeten an der Chamber an der Hetz duerchgeboxt ginn, eng Praxis, déi scho bal gängeg virun all Walgang ass. Ganz seriö gesäit dat net aus, well d‘Deputéiert jo kaum d‘Méiglechkeet haten, sech an deem enken Zäitraum mat deene villen Texter auserneenzesetzen. Och d’Regierungsmemberen hu sech an de leschte Woche virun de Wale mat Ukënnegungen iwwerschloen a Reformen, Projeten oder nei Pläng virgeluecht. Deen Aktivismus kuerz viru Schluss werft kee gutt Liicht op d’Politik, well déi den Uschäi gëtt, nëmme kuerzfristeg ze denken an ze handelen.

Vill wichteg Theme koumen am Walkampf ze kuerz

Wéi kaum anescht z‘erwaarden huet Walcampagne sech haaptsächlech op Sloganen a Floskele reduzéiert. Datt een „Lëtzebuerg gär huet“, datt een „no bei Dir ass“, datt een „zesumme staark“ ass oder „fir gerecht Léisungen“ ass, fir nëmmen déi Beispiller ze nennen, domat stéisst ee kaum op Widdersproch.

D’Walaffichen hunn d‘Strossen haaptsächlech mat frëndleche Gesiichter belieft, Iddie waren manner gefrot. Mat hirem Programm sinn d’Parteien zimmlech schwammesch bliwwen. Visioune fir d’Zukunft ware rar geséit. Et ass vill ëm materielle Wuelstand gaangen, Theme wéi d’Roll vu Lëtzebuerg an der Weltpolitik, d’Energieofhängegkeet vum Ausland, den Desequiliber um Aarbechtsmaart, Bildungs- a Fortbildungsweeër, Integratiounsfroen an aner wichteg Theme koumen an der Walcampagne vill ze kuerz.

D'Politik als Showbün

Eis Demokratie funktionéiert no engem Ventilsystem: Petitioune ginn eragereecht, e Biergerrot däerf Suggestioune maachen an d’Leit gi reegelméisseg per Sondage ëm hir Meenung gefrot. Fundamental Froe wéi déi, déi mat der Verfassungsrevisioun zesummenhoungen, sinn zum groussen Deel am „stillen Kämmerlein“ ausgeschafft ginn, eng breet gesellschaftlech Debatt ass et net ginn. Mee eppes sollt ee bei all där ganzer Kritik net vergiessen. Wann d’Politik esou funktionéiert, dann ass dat och well d’Wieler dat erdulden. An engem Ëmfeld, wou een am meeschte Stëmme sammelt, wann een e flotten Outfit huet oder virun der Kamera mam Bräiläffel an der Kichen hantéiert oder säi sportlecht Temperament weist oder Déieren heemelt an de Meeschter domat och e bësschen, ass et net erstaunlech, datt Politik virun allem eng Showbün ginn ass, wou komplex Iwwerleeunge schwéier verdaulech sinn. D’sozial Netzwierker passe gutt an dat Bild, wou ee sech stänneg fir eppes oder géint eppes positionéiert, dacks ouni vill Grondwëssen. An deem Sënn ass d’Politik schonn e Spigelbild vun onser Gesellschaft.

Lauschterenplay_arrow


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.