E Sonndeg den Owend hat en Onbekannten zwee Molotov-Cocktaile widder d‘Fassade vum Gebai geworf. De kubanesche President Miguel Diaz-Canel huet vun den amerikaneschen Autoritéite méi schaarf Sécherheetsmesure verlaangt. Béid Säite stéingen awer am Kontakt mateneen.
D‘Attack koum e puer Stonnen nodeem de kubanesche President New York an d‘UN-Vollversammlung verlooss hat.