Radioen

On air

Popfilter  |  Florence Besch - Nightsong

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wandpark Nordenergie: Eng Wandmille mat Stroum fir 7.400 Leit 

Energie an Ëmwelt

Wandpark Nordenergie: Eng Wandmille mat Stroum fir 7.400 Leit 

Grénge Stroum fir 1.850 Stéit oder 7.400 Leit: Dat liwwert déi nei Wandmillen am Wandpark Nordenergie beim Karelshaff zu Colmer-Bierg. Fir d'Ziler vum Energie-Klimaplang ze erreechen, wëllt d’Regierung awer, datt Wandparke méi séier kënne gebaut ginn. Mee et sinn awer nach e puer Hürden ze huelen.

auto_stories

5 min

headphones

5 min

play_arrow
Foto: Soler

Op engem Feld, dat dem Karelshaff gehéiert, steet an dréit elo déi imposant nei Wandmillen. Am Hannergrond héiert een d'Geräisch. Si gouf vun der Firma Soler mat de Gemengen Dikrech an Ettelbréck a Nordenergie realiséiert, déi och Aktionär sinn.

Verdueblung vun der Wandenergie

D'Wandmillen ass enorm. Et gesäit ee se scho vu wäit: 236 Meter héich mat Rotoren, déi en Duerchmiesser vun 138 Meter hunn, erkläert de Paul Zeimet, den Direkter vu Soler.

"Hei ass elo effektiv eng Anlag vun der neister Generatioun vum Typ Enercon, engem däitschen Hiersteller. An dës Anlag, schätze mir, dass mir duerchschnëttlech fir 1.850 4-Persounen-Haushalter hei nohalteg gréng Energie wäerte produzéieren."

Fir d'Aweiung vum neie Wandpark waren nieft Vertrieder:innen vun de Gemengen, Experten an Expertinnen, Mataarbechter:innen och den Energieminister Lex Delles an de Premier Luc Frieden komm. "Mir hätte gär méi erneierbar Energien", esou de Premier a senger Ried.

D'Zil fir "méi erneierbar" Energië bis 2030 huet d'Regierung am PNEC, dem nationalen Energie- a Klimaplang, festgeluecht. A fir d'Wandenergie heescht dat, nach eng Kéier eng "Verdueblung vun der Wandenergie, déi mer haut hunn", huet den Energieminister Lex Delles erkläert.

"Dat heescht awer net, dass mir duebel esou vill Wandanlage musse bauen. Dat heescht, dass mir engersäits de Repowering musse maachen."

Optimismus wat de PNEC ugeet

"Repowering", dat ass, wann al Anlagen ofgebaut an duerch neier, méi performanter ersat ginn. De Paul Zeimet mécht kloer, wat fir ee grousse Fortschrëtt d'Technologie an de leschte Jore gemaach huet.

"1996 war deen éischte Wandpark zu Lëtzebuerg ageweit ginn. Wann ech dat vergläiche mat dem Typ Anlagen, missten hei 18 Anlage stoen, wou haut eng steet."

De Paul Zeimet vu Soler. | © Pierre Reyland
De Paul Zeimet vu Soler. (Foto: Pierre Reyland)

Seng Firma huet an de leschte 5 Joer 25 Anlage "repowered". Dat heescht och, datt et fir d'Ziler ze erreechen, net onbedéngt op d'Zuel vun de Wandmillen ukënnt. Den Ament ginn et zu Lëtzebuerg am Ganzen 71 Wandmillen. A mat Bléck op de PNEC weist sech de Paul Zeimet och optimistesch. 

"Mir sinn amgaangen, zesumme mat der SEBES zu Eschduerf, eng Anlag ze plange mat Wandmillen, déi produzéieren duerchschnëttlech 20 Millioune Kilowatt d‘Stonn. Dat heescht, vun deem Typ ginn nach kuerz iwwer 52 Anlagen duer, fir zu Lëtzebuerg déi Ziler, déi sech de PNEC gesat huet, ze erreechen."

Déi technologesch Fortschrëtter bei den Anlage maachen och den Energieminister Lex Delles zouversiichtlech, "datt mir do nach ganz vill Potential hunn." Et wier een op der Trajectoire fir de PNEC ze erreeche bis 2023, esou den zouversiichtleche Minister.

Resistenz vu Biergerinitiativen

An dat obwuel d‘Wandmille beim Karelshaff déi eenzeg ass, déi dëst Joer hei am Land a Betrib goung. Eigentlech sollt fir de Wandpark Nordenergie nach eng gebaut ginn, an zwar net wäit ewech, bei Bierden, mee dat wollt eng Biergerinitiativ net. Wéinst dem Kaméidi ënner anerem hunn d'Bierger:inne Recourse géint d'Geneemegunge gemaach.

Een dovun huet Soler zwar scho gewonnen, mee déi aner sinn nach net tranchéiert, an et wäert nach een oder zwee Joer op d'mannst daueren, bis dat juristesch gekläert ass.

Bei der Wandmille beim Karelshaff gouf et keng esou Protester, mee Biergerinitiativen a Recourse kënne gréisser Retarde mat sech bréngen.

Den neie Wandpark um Karelshaff gouf ageweit. | © Soler
Den neie Wandpark um Karelshaff gouf ageweit. (Foto: Soler)

Méi séier Prozeduren

An da gëtt et fir Wandmillen däerfen ze bauen och nach vill Ëmwelt- an aner Prozeduren. Detailanalysen, Ëmweltvertäglechkeetsprüfungen, Autorisatiounsprozeduren, etc … An d'Reegelen, fir de Kaméidi, d'Distanz zu den Haiser, de Schutz vu Fliedermais, Rout-Milan an anere Vigel, sinn zu Lëtzebuerg och méi streng wéi zum Beispill an Däitschland. Dat alles fiert dozou, datt et laang, souguer ze laang dauert, esou de Premier Luc Frieden.

"Mir realiséieren, dass mir eis Ziler net erreeche kënnen, an dofir hu se och vläicht an der Vergaangenheet hir Ziler net erreecht, well mir eis Steng an de Wee selwer leeën."

Och den Energieminister Lex Delles mengt, datt ee séier misst weiderkommen.

"Haut brauch esou eng Anlag wéi déi, déi hei steet, an der Moyenne 6 bis 7 Joer, bis se iwwerhaapt duerch all d'Geneemegungsprozeduren duerch ass."

Iwwer all déi Prozedure wëllt d'Regierung elo an den nächste Woche mat de concernéierten Acteure schwätzen, fir ze kucken, wou déi Delaie sinn, a wou se hierkommen. Och d'Geriichtsprozedure misste vun der Dauer hier gekierzt ginn.  

An, seet nach de Lex Delles, d'Regierung wéilt och kucken, ob ee Wandparken an Zukunft zu Lëtzebuerg net och op anere Plaze wéi um Land kéint bauen.

"Et gesäit ee ganz innovativ Iddien am Ausland, déi do schonn normal sinn, mee déi mir zu Lëtzebuerg net maachen. Ech denken zum Beispill un Aktivitéitszonen. Wa mir Aktivitéitszonen hunn, wou Industrie steet, déi brauche ganz vill Stroum. Ma jo, wann déi kéinte Wandanlagen dohinner stellen."

Et wier souwisou Kaméidi an der Industrie, esou de Lex Delles. Se géingen also kee stéieren, an normalerweis wieren do och net esou vill Déieren, déi ronderëm sinn.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Ëmwelt