Radioen

On air

One World  |  Hierscht 2024

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wollef: Martine Hansen confirméiert de Positiounswiessel vun der Regierung

SCHUTZSTATUS VUM WOLLEF

Wollef: Martine Hansen confirméiert de Positiounswiessel vun der Regierung

Lëtzebuerg géif sech solidaresch mat deene Länner weisen, déi Problemer mam Wollef hunn, sou d’Agrarministerin zu Bréissel. Deemno stëmmt Lëtzebuerg dofir, datt de Schutzsstatus vum Wollef erofgesat gëtt.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Lëtzebuerg ännert seng Positioun, wat de Schutzstatus vum Wollef ugeet. Dat confirméiert d’Agrarministerin Martine Hansen um Bord vum Conseil vun de Landwirtschaftsministeren zu Bréissel am 100,7-Interview.

Lëtzebuerg dofir de Schutzstatus erofzesetzen

“Et ass ee Fakt, datt et a verschiddene Länner definitiv ee Problem gëtt”, sou d’CSV-Ministerin.

Lëtzebuerg géing sech elo solidaresch mat deene Länner weisen a wier elo dofir, datt de Wollef vum héije Schutzstatus op de Status “geschützt” zeréckgestuuft gëtt.

"Fir Lëtzebuerg ännert sech do guer näischt. Mir hunn hei zu Lëtzebuerg kee Problem, also zu Lëtzebuerg bleift de Wollef geschützt."

Hansen: Situatioun a verschiddene Länner méi schlëmm ginn

Si hätt zu Bréissel mat den aneren Agrarministere vun der Europäescher Vollekspartei (där d’CSV ugehéiert) geschwat, a si wier am enke Kontakt mam Ëmweltminister zu Lëtzebuerg, deen eigentlech fir deen Dossier zoustänneg ass.

Nach zejoert hat sech déi deemoleg Lëtzebuerger Regierung an engem an engem Bréif zesumme mat 11 aneren EU-Länner géint eng Ännerung vum Status vum Wollef ausgeschwat a betount, datt och ënnert deem aktuelle Status kéinte Mesurë geholl ginn.

D’Situatioun a verschiddene Länner wier méi schlëmm ginn an déi Länner kéinten net déi Mesuren huelen, déi se missten huelen, sou dozou d’Erklärung vum Martine Hansen.

"Et ass net méiglech, fir déi Länner sou ze agéieren, wéi se missten agéieren an ech menge wierklech, datt een do muss solidaresch sinn. Wa mer eng Kéier esou ee Problem hätten, da wiere mer och frou, wann ee mat eis solidaresch ass, et muss een definitiv déi Problematik, déi et a verschiddene Länner gëtt unerkennen."

Decisioun eventuell en Donneschdeg

E Mëttwoch steet dee Punkt vum Ordre du jour vun den Ambassadeuren aus de 27 EU-Länner. Wa sech do eng Majoritéit fir eng Ännerung erausschielt, sollen en Donneschdeg d’Ministeren am Conseil “Competitioun” eng formell Decisioun huelen.

Zoustänneg wier eigentlech de Conseil vun den Ëmweltministeren, ma well een Delai ofleeft, fir Ännerungen iwwert eng entspriechend Europäesch Konventioun ze maachen, kann net op déi nächst Reunioun vun den EU-Ëmweltministeren gewaart ginn.

 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Ëmwelt