Radioen

On air

Mëttesrascht  |  The War On Drugs - Up All Night

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gëtt de Schutzstatus vum Wollef erofgesat?

Schutz vum Wollef

Gëtt de Schutzstatus vum Wollef erofgesat?

Lëtzebuerg ass am Gaange seng Positioun par Rapport zum Schutz vum Wollef ze änneren. Eis leien deementspriechend Informatioune vir. Och d’Blanche Weber, Presidentin vum Mouvement Ecologique, sot um Sonndeg an hirer Ried um Ökofest, Lëtzebuerg kéint en Donneschdeg um Conseil vun den Minister:inne fir Competitioun fir e méi niddrege Schutzstatus vum Wollef stëmmen.

auto_stories

4 min

Wollef | © Federico Di Dio / Unsplash

Eise Quelle no huet Lëtzebuerg wëlles en Donneschdeg am Conseil Competion seng Positioun ze änneren an dofir ze stëmmen, datt de Schutz vum Wollef ëm eng Stuf erofgesat gëtt,  sou wéi et de Virschlag vu der Kommissioun virgesäit.

Op Nofro hi krute mer vum Ëmweltministère bis elo weder eng Confirmatioun fir déi Informatioun nach en Dementi. Et wéilt een am Moment dozou net kommunizéieren. De Sujet steet allefalls e Mëttwoch um Ordre du Jour vu den EU-Ambassadeuren.

Kommissioun argumentéiert mam Schutz vun der Schoofszuucht

Am Detail geet et dobäi ëm d‘Konventioun vu Bern déi de Kader setzt fir déi europäesch Flora a Fauna Habitat Direktiv.

D‘EU-Kommissioun wëll genuch Länner zesumme kréie fir de Schutzstatus kënnen erof ze setzen, dobäi spillt dann och déi Lëtzebuerger Stëmm eng Roll. Haaptargument vun der Kommissioun ass de Schutz vun der Schoofszuucht.

Lëtzebuerg bis elo strikt fir de Schutz

Lëtzebuerg huet sech bis elo fir e strikte Schutz vum Wollef agesat, nach am Mäerz hat den Ëmweltminister Serge Wilmes an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro erkläert, de Wollef wier wichteg fir d’Biodiversitéit a fir d’Gesondheet vun de Bëscher. Et géife genuch legal Méiglechkeete bestoe fir problematesch Wëllef ze schéissen.

Am Februar vum leschte Joer hat Lëtzebuerg zesumme mat enger Rei vun aneren EU-Staaten e Bréif un den deemolegen EU-Ëmwelt Kommissär Sinkevicius geschéckt, doranner war an Appell lancéiert ginn fir d‘Erofsetze vum Schutzstatus vum Wollef ze refuséieren. Och den europäesche Geriichtshaff hat nach an engem Urteel vum Juli dëses Joer de Schutzstatus vum Wollef ënnerstrach an d‘Ofschéissen nëmmen an absolutten Ausnamefäll erlaabt.

Lauschterenplay_arrow

Kritik vum Mouvement Écologique

Et géif keng wëssenschaftlech Beweiser ginn, déi fir een Erofsetze vum Schutzstatus vum Wollef schwätze géifen. De Wollef géif zu eisem Ökosystem dozougehéieren, esou d’Argumentatioun vun der Blanche Weber. Genee esou wéi dem de Serge Wilmes seng Äntwert op eng parlamentaresch Fro am Mäerz. De Mouveco mécht sech Suergen, datt den Ëmweltminister extrem ënner Drock steet. Si hofft, datt hie seng Positioun net ännere wäert.

Och d'ONG krut trotz Nofroen nach keng Äntwert vum Ëmweltministère. De Serge Wilmes hätt eng Kéier gesot, si sollte sech un hie wenden, éier si un d'Press trieden. Dat hätt ee probéiert an et hätt ee just gesot kritt, den Ëmweltminister géif een um Courant halen.

© Jacques Ganser
(Foto: Jacques Ganser)

Fir d'Ökofest vum Mouvement Écologique hätt hien du kuerzfristeg ofgesot - aus zäitleche Grënn, esou d'Blanche Weber. 

Iwwerdeems hätt d'ONG scho Rumeuren héieren, datt dat een Deel vun engem Deal tëschent der CSV an der EVP gewiescht wier. Fir haut hat de Mouveco eng Entrevue mam Minister ugefrot. Fir muer, Dënschdeg, wier ee Protestpiquet zesumme mat Natur an Ëmwelt geplangt.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Ëmwelt