Radioen

On air

Spektrum  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Walrecht mat 16?

Hallwer Néng

Walrecht mat 16?

Muss d‘Fro vum Walrecht mat 16 nei gestallt ginn? Am Referendum virun 10 Joer waren 80 Prozent vun deenen déi ofgestëmmt hu géint d‘Erofsetze vum Walalter. Ëmmer méi Länner bannen a baussent der EU hunn d‘Walrecht mat 16 awer zënterhier agefouert.

auto_stories

2 min

headphones

22 min

play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

D‘Lescht Joer gouf an Däitschland d‘Walrecht fir d‘Europawalen erofgesat op 16 Joer. D‘Joer virdrun huet d‘Belsch de Walalter geännert an Éisträich hat souguer schonn 2007 d‘Walrecht mat 16 Joer agefouert. Och a grousse Länner wéi Brasilien an Argentinie muss een net volljäreg si fir wielen ze kënnen.

"Interesse huet näischt mam Alter ze dinn"

De Jugendrot, also den Daachverband vun de Lëtzebuerger Jugendorganisatiounen, fuerdert ëmmer nach, datt och zu Lëtzebuerg d'Walalter net méi un Volljäregkeet geknäppt ass. Fir de President Liam Bremer, deen zur Zäit vum Referendum grad seng 16 Joer krut, war dee grousse Refus deemools onverständlech.

Och fir de Marc Schoentgen, Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung hätt d‘Maturitéit an den Intresse u Politik näischt mam Alter ze dinn. „Et ginn och Erwuessener, déi keen Interessi u Politik hunn an awer wiele kënnen“, betount de Marc Schoentgen.

Datt a verschiddene Länner an der EU de Walalter rezent erofgesat gouf, wier fir de Liam Bremer ee Grond den ëffentlechen Debat zu Lëtzebuerg nach eemol ze lancéieren.

Walrecht mat 16 op all Niveau?

Ob dat Walalter fir all d‘Wale soll gëllen, oder just fir d‘Europawalen, sou wéi an Däitschland, doriwwer léist sech diskutéieren. Et fir d'Éischt op een Niveau ze reduzéieren, hätt de Virdeel, datt een domat teste kéint, wéi gutt et funktionéiert, fënnt de Marc Schoentgen. Fir hie wier et awer da Wäert driwwer nozedenken, bei de Kommunalwalen unzefänken. Do wiere Jonker vill méi direkt concernéiert an den Interesse deemno méi héich.

Ee Walrecht vu 16 Joer un ass kee Selbstleefer, betount den Direkter vum Zentrum fir Politesch Bildung. Dat misst begleet gi vu vill méi strukturéierter politescher Bildung an der Schoul. Déi jonk misste méi preparéiert a sensibiliséiert ginn.

De Wonsch no engem Walrecht mat 16 wier dem Liam Bremer an dem Marc Schoentgen no jiddefalls bei ville Jonke grouss.

Aktualitéit
Europawalen
Interview