Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Sufjan Stevens - So You Are Tired

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'LSAP-Spëtzekandidatin Danielle Filbig hätt net fir den EU-Migratiounspak gestëmmt

Europawalen

D'LSAP-Spëtzekandidatin Danielle Filbig hätt net fir den EU-Migratiounspak gestëmmt

Si wier mat ville vun de Punkten am EU-Migratiounspak net averstanen, an dofir hätt si sech schwéier och gedoen, ëm am Europaparlament zouzestëmmen. Dat seet d’Danielle Filbig am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

play_arrow
D'Danielle Filbig ass Co-Spëtzekandidatin fir d'Europawalen 2024. (Foto: Chris Zeien)

Si deelt sech d’Spëtzekandidatur op der LSAP-Lëscht fir d’Europawale mam aktuell eenzegen Europadeputéierte vun de Lëtzebuerger Sozialiste Marc Angel, mat deem si sech awer an engem Punkt net eens ass. De Marc Angel hat d’lescht Woch am Parlament fir déi nei Asyl- a Migratiounsreegele gestëmmt, d’Danielle Filbig hätt dat éischter net gemaach.

„Ech si mat ville vun deene Punkten, déi d'lescht Woch gestëmmt goufen, am Fong net averstanen, well ech fannen, datt do Mënscherechter awer op der Streck bleiwen.“

D'LSAP wëllt den zweete Sëtz

Eenegkeet gëtt et bei der LSAP awer iwwer d’Walzil. Zwee Sëtz; also ee méi wéi déi lescht fënnef Joer.

Wa si den zweete Sëtz am Juni géif kréien, géif si deen och sécher unhuelen, seet d'Danielle Filbig.

„Mee weess awer och, datt ee muss realistesch sinn; ech sinn nach immens jonk, ech stinn an de Startlächer vu menger politescher Carrière. Realistesch gesinn däerf ech mer elo och net ze vill Hoffnunge maachen, fir dono net enttäuscht ze ginn.“

Lauschterenplay_arrow