Radioen

On air

Spektrum  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi gesinn déi kleng Parteien d'Europawalen?

Europawalen 2024

Wéi gesinn déi kleng Parteien d'Europawalen?

Wou hëllt een d’Motivatioun hir, Walkampf ze maachen, wann ee vu vir era weess, datt een net den Hauch vun enger Chance huet, e Sëtz ze kréien? Ëm déi Fro goung et de Méindeg Moien am Ufank vun enger Ronn mat Vertrieder vun dräi klenge Parteien am Virfeld vun den Europawalen.

auto_stories

2 min

headphones

22 min

play_arrow
Den Aly Ruckert (KPL), Conny Jaroni (VOLT)a Patrick Lamesch (déi Konservativ)

Lauschterenplay_arrow

Invitéiert waren de Patrick Lamesch vun déi Konservativ, d’Conny Jaroni vu Volt an den Ali Ruckert vun der Kommunistescher Partei.

Fir déi kommunistesch Partei wier et wichteg an enger Walzäit op hir Iddien opmierksam ze maachen. D‘KPL géif sech géint de Sozialofbau a géint Oprüstung asetzen.

„Et ass jo net esou, wéi wann an de leschte 50 Joer d'Fro vun der sozialer Gerechtegkeet a vum Fridde geléist gi wier.“

Aly Ruckert: Aktuell ass d'EU "net reforméierbar"

“Eng Sozialunioun vun de schaffende Leit” misst d’EU ginn, also eppes radikal aneschters wéi dat wat se haut ass, sou de KPL-President a –Kandidat bei den Europawalen.

Déi aktuell Europäesch Unioun, sou wéi se haut funktionéiert, hält den Ali Ruckert fir “net reforméierbar”.

„An Tëschenzäit gëtt et an de Länner vun der Europäescher Unioun (…) an der Tëschenzäit 83 Milliounen Aarmer. 123 Millioune Leit leiden ënner Sozialofbau. Dat ass e Resultat och vun der Politik vun der Europäescher Unioun.“