Radioen

On air

Notturno  |  Nicool - De Sonnden

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Landwirtschaftskammer-Walen: Et wäert wuel bei dräi Lëschte bleiwen

Landwirtschaft

Landwirtschaftskammer-Walen: Et wäert wuel bei dräi Lëschte bleiwen

Bis ewell ginn et dräi Lëschte fir d'Landwirtschaftskammer-Walen de 14. Mäerz. Nodeems et viru fënnef Joer net zu Wale komm ass, well d’Intressevertrieder vun de Baueren sech op eng gemeinsam Lëscht gëeenegt haten, wielen am Mäerz eppes iwwer 4.000 Landwirten hir Beruffskammer. Bis en Dënschden nach kënne weider Lëschten déposéiert ginn, mee et gëtt awer domat gerechent, datt et bei den aktuellen dräi bleift. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
De 14. Mäerz gëtt eng nei Landwirtschaftskammer gewielt. (Foto: Archiv)

Eng dovunner ass d’Oppe Lëscht: een Zesummeschloss vun de Fräie Lëtzebuerger Baueren an der Bauerenallianz. Ee wichtege Punkt fir si wier, datt tëscht de Baueren an der Landwirtschaftskammer net genuch géif kommunizéiert ginn, bedauert de Marco Koeune, President vun der Bauerenallianz.

"Et ass ee Problem vu Kommunikatioun. Dat ass allzäit dat, wat eis Memberen eis och soen. Datt och net jidderee genau weess, wat dann do genau leeft. Mir schreiwen do Avisen zu Gesetzesprojeten, dacks ass dat awer bësse Moutarde après dîner. Mir wieren als Kammer gäre méi an d’Prozesser vun Ufank u matagebonnen."

Och de Pensiounssystem vun de Landwirte misst iwwerschafft ginn, ënnersträicht de Marco Koeune nach weider.

Lëscht "Aktiv Baueren": Ee Sproochrouer fir jonk Baueren

Dat ass och eng Fuerderung vun der Lëscht Aktiv Baueren, déi zu engem groussen Deel vu Membere bei de Jongbaueren a Landjugend besat ass, erkläert de Christian Hahn, Kandidat op där Lëscht. Dat wier nämlech déi lescht Joren net gemaach ginn. Hir Lëscht wéilt awer virun allem och ee Sproochrouer fir méi jonk Bauere sinn, erkläert de Christian Hahn.

"Mee awer och lo Mol jonke Leit, déi motivéiert sinn, eng Chance ze ginn, sech rëmzefannen, ee Matsproochrecht ze kréien, an eben och fräi an der Entscheedungsgewalt bleiwen, an net vun uewe rof gesot ze kréien, wat ze soen ass."

Zesummen an net géint deen anere schaffen

Och wann et dräi getrennte Lëschte gëtt, géif een net géint, mee mat deenen zwou anere Lëschte schaffen, ënnersträichen de Marco Koeune an de Christian Hahn, grad esou wéi de Guy Feyder, Präsident vun der Landwirtschaftskammer.

"Et muss alles dru gesat ginn, datt mir propper a korrekt mateneen ëmginn. An datt de Walkampf, deen da soll stattfannen, oder dee scho stattfënnt, datt en op de Sujeten, déi d’Landwirtschaft betrëfft, vis à vis vun der Gesellschaft, vis à vis vun der Politik, muss spillen, awer net ënnereneen. Dat wier ganz sécher dat falscht Signal. Dat ass iwweregens eppe,s wat d’Baueren, d’Gäertner an d’Wënzer iwwerhaapt net méi wëllen."

Allen dräi waren déi lescht fënnef Joer Member vun der Landwirtschaftskammer. 

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Ëmwelt