Radioen

On air

Time Flies  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ “Luxembourg Hydrogen Valley”: Grénge Waasserstoff aus Lëtzebuerg

Vun 2026 un

“Luxembourg Hydrogen Valley”: Grénge Waasserstoff aus Lëtzebuerg

Vun 2026 u soll och hei am Land grénge Waasserstoff produzéiert ginn. Dat ass een Zil vun der Initiativ “Luxembourg Hydrogen Valley”, déi haut um Méinde Moie bei der Uni Lëtzebuerg op Esch-Belval offiziell lancéiert gouf.

auto_stories

2 min

Foto: Serge Kesseler

De Waasserstoff soll an der Aktivitéitszon zu Käerjeng produzéiert ginn: dat aus 100 Prozent gréngem Stroum, a fir den Asaz an der Lëtzebuerger Industrie an am Transport.

Geplangt ass dës lokal Produktioun vun 2026 un, ënner anerem fir den importéierte groe Waasserstoff z’ersetzen, deen zum Beispill aus Äerdgas hiergestallt gëtt. De Wirtschafts- an Energieminister Lex Delles schwätzt vun engem “ronne Projet”.

„Et ass jo een Ensembel vun engem Projet, esou ass souwuel Recherche, wéi Produktioun, wéi Infrastrukturen.“

Déi éischt Ausschreiwung fir déi geplangte Produktioun vu gréngem Waasserstoff zu Käerjeng soll dëse Summer lancéiert ginn. De Grupp Encevo – ee vun de 17 Partner vun der Initiativ – wëllt dorun Deel huelen.

Industrie ka komplett mat Waasserstoff aus Lëtzebuerg versuergt ginn

Et wier een am gaangen, d’Finanzéierung dofir opzestellen, esou de Generaldirekter Claude Seywert.

„Mat deem Electoliseur, dee mer elo hei plangen, eng sechs Megawatt, kënne mer, wann dee voll fiert, bis zu 650 Tonne Waasserstoff pro Joer hier stellen.

Dobäi betount de Claude Seywert, datt d‘Industrie zu Lëtzebuerg den Ament eng 450 Tonne groe Waasserstoff braucht. Dat heescht et wieren der nach 200 fir den Transport iwwreg.

Wichteg fir déi geplangte Produktioun vu gréngem Waasserstoff wier, datt schonn ee Site fir d’Anlag an der Aktivitéitszon zu Käerjeng reservéiert ass, esou haut am 100,7-Interview, den neie President vun der Industriellefederatioun FEDIL, de Georges Rassel.

 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Ëmwelt