Radioen

On air

Nei Musek  |  Eng Hal voller Maschinnen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ëmweltorganisatiounen: Geschiedegt Ëmwelt riskéiert "nach méi ënner d‘Rieder ze kommen"

Kritik un der Ried zur Lag vun der Natioun

Ëmweltorganisatiounen: Geschiedegt Ëmwelt riskéiert "nach méi ënner d‘Rieder ze kommen"

D‘Ëmweltorganisatioune gesinn d'Ukënnegunge vum Premier Luc Frieden a Saache Vereinfachung vun de Prozedure beim Baue skeptesch. Natur an Ëmwelt an de Mouvement écologique fäerten, datt déi scho geschiedegt natierlech Ëmwelt nach méi ënner d'Rieder wäert kommen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Fir d'Blanche Weber vum Mouvement feelt et virun allem un efficacen Instrumenter fir d'Klima-a Biodiversitéitskris ze bekämpfen. Déi wieren och an der Deklaratioun vum Premier net presentéiert ginn.

'Simplification administrative' ass dat grousst Stéchwuert vun der Erklärung zur Lag vun der Natioun. Fir de Logement bedeit dat an éischter Linn méi séier Prozeduren an um Enn och méi Wunnraum, dee méi séier kann zur Verfügung gestallt ginn, sou de Premier Luc Frieden. Des Ukënnegunge ginn awer net iwwerall mat Begeeschterung opgeholl.

Handwierk "duerch d'Bänk ganz frou"

D’Punkten, déi de Logement betreffen, klenge wéi e Wonschziedel vun de grousse Baupromoteueren hei am Land. Ewech mat lästegen Etüden a Prozeduren, dat besonnesch am Ëmweltberäich. Nët verwonnerlech also, datt de President vun der Federatioun vun de Bauentreprisë Roland Kuhn sech zefridde weist.

"D’Handwierk ass ganz positiv dozou agestallt. Do si verschidde Punkten, déi muss een elo kucken. Do si Plussen, do si Minussen. Mee generell duerch d’Bänk si mir ganz frou."

Vill Prozedure betreffen Ëmwelt a Biodiversitéit

Vill Prozeduren, déi elo ewech falen oder verkierzt solle ginn, betreffen de Schutz vun der Ëmwelt an der Biodiversitéit. Méi einfach Prozedure géif zwar fir d’éischt emol gutt klengen, sou de President vun Natur an Ëmwelt Roby Biwer, mee doduerch besteet d'Gefor, datt d'Natur "nach méi ënner d'Rieder kënnt."

Zwee Drëttel vun den Habitater a véier Fënneftel vun den Aarte sinn a kengem gudden Zoustand, betount de Roby Biwer.

"A mir mussen och wëssen, datt mir ënnert der Tutelle vun EU-Direktiv stinn, déi awer relativ wäit schonn d’Natur an d’Biodiversitéit schütze wëllen."

Mouvement Écologique: Et feelt u schlagfäerdegen Instrumenter

Och d’Blanche Weber vum Mouvement écologique gesäit d’Vereinfache vu Prozeduren éischter positiv. Allerdéngs hätt de Premier keng Léisungsusätz fir d’Klima-a Biodiversitéitskris presentéiert.

"Wa mir am Klimaschutz an am Naturschutz net viru kommen, da läit et och zu engem Deel u Prozeduren. Awer dat ass nëmmen e klengen Deel. Virun allem feelt et awer u schlagfäerdegen Instrumenter wou mir soen: 'Sou, lo gi mir déi Klima- a Biodiversitéitskris seriö un.'"

Subsidpolitik wier prinzipiell eng positiv Saach. Et misst fir d’éischt emol dru geschafft ginn, datt kontraproduktiv Subsiden ofgeschaaft ginn, sou nach d’Blanche Weber.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Ëmwelt