Radioen

On air

Spektrum  |  Pearl & The Oysters - Side Quest

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Green Events - Oekozenter a Ministère zéien e positive Bilan

Méi nohalteg Evenementer

Green Events - Oekozenter a Ministère zéien e positive Bilan

Vun Oktober u ginn d’Subside fir de Projet “Green Events” reduzéiert. Da sollen d'Veräiner nëmmen nach eng Kéier de Grondzouschoss vun 1.500 Euro kréien. Souwuel de Ministère wéi och den Oekozenter, dee fir d’Berodung vun de Veräiner zoustänneg ass, zéien awer e positive Bilan vun de leschte 5 Joer.

auto_stories

2 min

Foto: picture alliance / SULUPRESS.DE | Torsten Sukrow / SULUPRESS.DE

Green Events ass e Projet, deen 2019 an d'Liewe geruff gouf. Zil vun deem Projet ass et den ekologeschen Impakt vun Evenementer zu Lëtzebuerg ze reduzéieren an d'Organisateure fir méi Nohaltegkeet ze sensibiliséieren. D'Direktesch vum Oekozenter, d’Kristina Hondrila, zitt et aussergewéinlech positive Bilan. 

"Im Prinzip hat das Projekt unsere Erwachtungen übertroffen. Das heisst, da hat es jetzt - gerade in letzter Zeit - viel mehr Events gegeben mit vielen vielen Teilnehmern. Das hätten wir uns zu Anfang nicht zu hoffen gewagt.“

An och de Ministère zitt e positive Bilan a sengem Schreiwes. Eleng dëst Joer an der Period Januar bis Juni wieren 226 Green Events ofgehale ginn.

Subside gi gekierzt

Vum éischten Oktober u soll awer een Deel vun de Subsiden ewechfalen - an zwar déi 25 Prozent vun de Käschte fir Ëmsete vu bestëmmte Krittären, déi bis ewell zousätzlech zum Grondzouschoss bezuelt goufen. Dat fir d'Mëttelen ze "rationaliséieren", datt méiglechst vill Veräiner dovu kéinte profitéieren, esou heescht et vum Ministère.

D'Direktesch vum Oekozenter weist sech awer frou doriwwer, datt de Basis-Subsid géif bestoe bleiwen. An deene leschte fënnef Joer hätt sech vill verännert. Mëttlerweil wier et méi einfach an och méi gënschteg fir nohalteg Eventer ze organiséieren, well vill Gemengen op "Mehrweg"-Geschier ëmgestallt hätten. 

"Das heißt viele Gemeinden haben Spülinfrastrukturen und stellen dann ihren Vereinen auch Mehrweggeschirr und Spülwägen gratis oder zu ganz geringen Kosten zur Verfügung. Und das gab es vorher nicht."

D'Direktesch vum Oekozenter hofft iwwerdeems, datt d'Organisateure sech och no Kierzunge weider bei hinne wäerte melle fir sech iwwer Green Events beroden ze loossen.