Déi aserbaidjanesch Arméi huet gëschter eng Militäroperatioun an der Konfliktregioun Bergkarabach lancéiert fir dës zeréckzëerueweren. Bei den Attacke vum aserbaidjanesche Militär mat Rakéiten an Artillerie wieren op d'mannst 20 Mënschen ëm d‘Liewe komm. Weider wieren iwwer 200 Blesséierter ze bekloen, heescht et vun de lokalen Autoritéiten. Ënnert den Affer och Zivilisten a Kanner.
Déi armenesch Autoritéiten hätten der Propos vu russesche Friddenstruppen zougestëmmt. Deemno soll et eng Entwaffnung an Opléisung vun hiren Truppen am Berg-Karabach ginn. Déi armenesch Autoritéiten hunn iwwerdeems Gespréicher iwwert de Status vun der Regioun annoncéiert. Se solle muer ufänken. Och déi aserbaidjanesch Regierung huet d‘Wafferou confirméiert.
Eng Vergaangenheet mat Konflikter
Berg-Karabach läit op aserbaidjaneschem Gebitt, ass awer haaptsächlech vun Armenier bewunnt. Zanter dem Zerfall vun der Sowjetunioun kämpfen déi zwou fréier Sowjet-Republicken ëmmer nees ëm Berg-Karabach. 1991 huet sech Berg-Karabach no engem Referendum vun Aserbaidjan lass geléist. Zanterdeem herrscht an der Regioun eng autonom Regierung mat enke Verbindungen zu Armenien, déi allerdéngs net international unerkannt ass.
2020 huet Aserbaidjan fir d‘lescht an engem bluddege Krich mat Dausenden Doudege gréisser Deeler vun der Regioun zeréckeruewert. De Krich war no sechs Woche mat engem vu Russland opgezwongene Friddensaccord op en Enn gaangen. Trotz Truppepresenz vu Russland sinn d’Konflikter an der Regioun weidergaangen a riskéieren elo nees ze eskaléieren.
Verschidde Reaktiounen op internationalem Niveau
Den aserbaidjanesche President Ilham Alijew huet an engem Gespréich iwwer Telefon mam US-Ausseminister Antony Blinken gesot, datt de Militärasaz eréischt eriwwer wier, wann d’Armenier hir Waffen néierleeën.
Op internationalem Niveau ginn et verschidde Reaktiounen. Frankräich huet ugekënnegt, eng Krisesëtzung vum UN-Sécherheetsrot ze fuerderen. Den tierkesche President seet, Berg-Karabach wier Deel vun Aserbaidjan a schwätzt sech fir en nees Hierstelle vun der territorialer Eenheet aus. Den UN-Generalsekretär António Guterres fuerdert ee “méi strengt Anhale vum Waffestëllstand vun 2020”.