Den Haapt-Mediateur Katar huet confirméiert, datt d‘Waffepaus bis muer verlängert gëtt. Dat fir e weideren Austausch vu Geisele géint Prisonéier, an d‘Liwwerung vun humanitärer Hëllef an d’Gazasträif ze erlaben.
Gëschter goufen an der Gazasträif 14 weider Geisele vun der Hamas fräigelooss, wärend an Israel 30 weider palestinensesch Prisonéier fräi koumen.
Fuerderunge fir ee permanente Waffestëllstand huet Israel am UNO-Weltsécherheetsrot awer zeréckgewisen.
Den US-Ausseminister Antony Blinken ass zanter gëschter Owend fir weider Gespréicher an Israel ukomm.