Radioen

On air

Notturno  |  Daily Vacation - Circles

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Waasserstoff: Éischt Tankstell zu Beetebuerg ageweit

Um Site vun CFL Multimodal

Waasserstoff: Éischt Tankstell zu Beetebuerg ageweit

Déi éischt Tankstell fir Waasserstoff hei am Land gouf gëschter zu Beetebuerg ageweit. Si gouf an d‘Statioun vun Total Energies um Site vun CFL Multimodal am Industriegebitt Walser zu Beetebuerg integréiert.

auto_stories

1 min

Waasserstoff-Tankstell | © SIP / Jean-Christophe Verhaegen
Foto: SIP / Jean-Christophe Verhaegen

De grénge Waasserstoff wier ee wichtegt Element an der Strategie fir den Transport-Secteur ze dekarboniséieren, esou den Energieminister Claude Turmes an engem Communiqué. Waasserstoff wier eng sënnvoll Alternativ zu fossile Brennstoffer virun allem a Secteure wéi déi dem Camions-Transport, wou d‘Ëmstellung op Elektresch méi schwéier ass.

Op där neier Tankstell kënnen awer och Autoe Waasserstoff tanken.