Radioen

On air

Tockcity  |  Kinky Friedman - See You Down The Highway

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Vum Juli un: Obligatoresch Formatioun iwwer Harcèlement

EUROPAPARLAMENT

Vum Juli un: Obligatoresch Formatioun iwwer Harcèlement

Am EU-Parlament soll ee bis elo fräiwëllegen Training iwwer Konflikter an Harcèlement op der Aarbecht obligatoresch ginn. Ween net matmécht, deem bléie Sanktiounen.

auto_stories

2 min

© European Union
Foto: European Union

Et war eng vun de Fuerderunge vun der Me-Too-Beweegung am Europaparlament: eng obligatoresch Formatioun fir all Deputéiert iwwer Konflikter an Harcèlement op der Aarbechtsplaz.

Dat soll elo Realitéit ginn. Gëschter huet sech an der zoustänneger parlamentarescher Kommissioun eng Majoritéit vun den Europadeputéiert dofir ausgeschwat.

Deputéiert mussen d’Formatioun bannent sechs Méint maachen

Europadeputéiert sollen deemno besser präparéiert ginn, op méiglech Fäll vu physeschem oder moraleschen Harcèlement an dofir forcéiert ginn, eng entspriechend Formatioun matzemaachen. Dat ass de But vun engem Rapport vun der däitscher Sozialdemokratin Gaby Bischoff, dee gëscht mat 15 zu néng Stëmmen ugeholl gouf.

Deemno géifen Deputéiert, déi bannent den éischte sechs Méint vun hirem Mandat keng esou eng Formatioun matgemaach hunn, bestrooft - andeems si net fir parlamentaresche Funktiounen a Fro kommen. Si kréichen zum Beispill refuséiert, parlamentaresch Kommissiounen ze presidéieren, Questeur oder awer als Rapporter an engem Dossier genannt ze ginn.

Charles Goerens huet nach keng Formatioun, mee ass dofir

D’Parlament hat sech schonn 2021 fir esou eng obligatoresch Formatioun ausgeschwat, dat gouf awer ni ëmgesat.

An dëser Legislaturperiod hunn iwwregens bis elo eppes iwwer 300 vun de 705 Deputéiert deen Training gemaach. Dozou gehéieren all d’Lëtzebuerger Europadeputéiert - bis op de Charles Goerens. Hie géing dat elo nohuelen, sot den DP-Europaparlamentarier op eis Nofro. 

D’Monica Semedo hat d’Formatioun schonn 2019 gemaach, hat d’Europadeputéiert eis virun dräi Joer confirméiert. Si war zwee Mol vum Parlament wéinst Harcèlement sanktionéiert ginn. D’Formatioun ass keng Garantie, ma ee wichtegen éischte Schratt, dat ass d’Positioun vu Vertriederinne vun der Me-Too-Beweegung am Parlament.

De Charel Goerens huet iwwerdeems als Vizepresident vun där Kommissioun fir Verfassungsfroen d’Sitzung gëschter presidéiert a selwer och genee ewéi de Rescht vun de Liberale fir déi nei Reegele gestëmmt. Dofir waren och déi gréng, déi Lénk an d’Sozialisten. Mat Neen hu geschlossen d’Deputéiert vun der chrëschtdemokratescher Europäescher Vollekspartei an vun der rietsextremer Fraktioun “Identitéit an Demokratie” gestëmmt.

Vott nächst Woch an der Plenière

Elo muss nach d’Plenière Jo soen. Dee Vott ass fir déi nächst Sessioun, schonn déi nächst Woch virgesinn - dat neit Reglement géif dann am Juli fir dat neit Parlament a Kraaft trieden.