Radioen

On air

Tockcity  |  Zement - Station to Station

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fall Southport: 52 Joer Prisong fir de Schëllegen

Groussbritannien

Fall Southport: 52 Joer Prisong fir de Schëllegen

Den Teenager, deen am Summer zu Southport an England 3 Meedercher op engem Taylor Swift Danzcours erstach huet, ass gëschter um Donneschdeg zu 52 Jore Prisong verurteelt ginn. Et war eng Dot, déi Groussbritannie schockéiert hat, an déi elo zu Gesetzesännerunge féiere kéint.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Royal Court of Justice | © Bigstock play_arrow
Foto: Bigstock

Claire Barthelemy (London)

An engem Geriichtssall zu Liverpool ass déi grujeleg Dot an Detailer beschriwwe ginn. Zeien hunn erzielt, wei den Axel Rudakubana am Juli an engem Raum voller Kanner ëm sech gestach huet. Dräi Meedercher huet hien ëmbruecht a vill Anerer goufe verletzt.

De Guardian huet geschriwwen, datt d’Verletzunge vun de Kanner esou schrecklech wieren, datt d’Zeitung sech entscheet huet, se net an hirem Artikel ze beschreiwen. Videoe vun Iwwerwaachungskameraen hu gewisen, wéi Kanner aus dem Gebai gelaf sinn.

E Fall mat Konsequenzen

De Juge konnt dem Teenager keng liewenslänglech Haft ginn, well hien zur Zäit vum Verbrieche mannerjäreg war. Mee hie sot awer, datt et onwarscheinlech wier, datt den Täter jee eng Kéier aus dem Prison raus kéim.

“Et war sou eng extrem Gewalt vun der héchster Gravitéit, datt et schwéier ass ze verstoen, firwat dat gemaach gouf", sou de Juge.

D’Dot ass net als Terrorismus agestuuft ginn, well den Täter keng politesch Ideologie gewisen hätt. Hie war awer e puer Mol bei engem Anti-Terror Service an och der Police gemellt ginn, ouni datt eppes ënnerholl gouf. De Premier Keir Starmer huet dofir elo eng ëffentlech Enquête ageleet. Och soll et net mi sou einfach sinn, Messer um Internet ze kafen.

Lauschterenplay_arrow