Radioen

On air

9 bis 1  |  Amy Winehouse - Love Is A Losing Game

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Sozialwëssenschaftlerin gëtt nei Regierungscheffin vum Vatikan

Zweet Fra op héijem Posten

Eng Sozialwëssenschaftlerin gëtt nei Regierungscheffin vum Vatikan

De Poopst huet fir déi zweete Kéier een héicht Amt un eng Fra verginn. D’Sozialwëssenschaftlerin a Schwëster Raffaella Petrini soll am Mäerz Regierungscheffin vum Vatikan ginn. Et ass déi zweet Decisioun vum Poopst, eng Fra op en héije Posten an traditionelle männerdominéierte Kierchestaat ze beruffen.

auto_stories

1 min

Vatikan | © Bigstock/bloodua
Foto: Bigstock

Am Januar war d‘Italieenerin Simona Brambilla als Cheffin vun enger grousser Administratioun vum Vatikan nominéiert ginn.

An der kathoulescher Kierch gëtt et zënter Joren Diskussiounen doriwwer, méi Frae fir Kierchenämter ze ernennen. D‘Méiglechkeet, Paschtouerin ze ginn, kréien d‘Fraen awer weider net. Do gouf et och op der leschter Weltsynod ënner der Leedung vum aktuelle Poopst keen Duerchbroch.