Radioen

On air

9 bis 1  |  Alt-J - Left Hand Free

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Digital Inklusioun riicht sech net just u Senioren

Kee Luxtrust-Token méi

Digital Inklusioun riicht sech net just u Senioren

Ween Onlinebanking mécht oder sech bei myGuichet umelle wollt, dee konnt dat bis ewell mam Token vu Luxtrust maachen. Mee deen Token wäert et nëmmen nach bis Enn des Joers ginn, da muss ee fir d’Identifikatioun op d’Luxtrust App um Smartphone zeréckgräifen. Fir vill, besonnesch eeler, Utilisateuren ass dat eng grouss Erausfuerderung. Plazeweis ginn elo Couren organiséiert, fir d’Leit op deen Iwwergang virzebereeden an hinnen d’Angscht do virdrun ze huelen.

auto_stories

3 min

headphones

9 min

© Jo Diseviscours play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

De Steve Reiffers ass agreéierte E-Formateur vum Clubhaus „Op der Heed“. Hien leed esou Kueren an der Gemeng Housen. A klenge Gruppe vu 5 Leit, gëtt geleiert wéi een den Token duerch déi nei Applikatioun vu Luxtrust Mobile ersetzt. De Steve Reiffers erkläert, datt vill vun de Leit aus de Kueren Angscht hunn, Affer vun engem Bedruch ze ginn. Dowéinst géife si zécke fir eppes am Internet z‘ënnerhuelen. Si géife sech net sécher an der digitaler Welt fillen.

„Et gëtt am Fong ëmmer Panik gemaach an et sinn och d'Leit, déi een Onsécherheetsgefill hunn. Dat ass och de Grond firwat mir zum Beispill och Kueren iwwert d’Sécherheet am Internet ubidden, wou mer eeben op, genau op déi Thematik aginn, op wat datt d'Leit sollen oppassen, datt se net op alles solle klicken, wat se geschéckt kréien, vu E Mailen oder vu SMSen.“

U sech wier de Wiessel vum Token op d‘Applikatioun technesch relativ einfach ze maachen. Heiansdo géif et bei verschiddenen Leit awer schonn dobäi hänke bleiwe fir d‘App erofzelueden. Dofir bräicht een seng Apple-ID, a fir sech do un dat richteg Passwuert ze erënneren, do fänke schonn d‘Problemer un, esou de Steve Reiffers.

Lauschtert hei de Reportage vum Carole Schimmer

Och déi Jonk kënne Probleemer an der digitaler Welt hunn

Luxtrust selwer bitt op hirem Site och e Guide fir d‘Transitioun vum Token zu der Applikatioun un. Dat fënnt de Ben Max Responsabel fir digital Inklusioun am Ministère fir Digitalisatioun ganz wichteg. An och de Kontakt mat de Bierger:innen, wéi zum Beispill an deene Kueren, wier essentiel fir déi digital Inklusioun. An déi wier net nëmme fir déi eeler Bierger:innen wichteg, seet de Ben Max am 100,7-Interview. Déi eeler Generatiounen déi eeben net an der digitaler Welt opgewuess wieren, hätten zwar am heefegste Problemer virun allem mat esou Ëmstellungen. Awer just well een zu den „digital natives“ géif gehéieren, heescht dat net, datt een an all digitalem Beräich géif eens ginn.

„Wann ee mat de sozialen Netzwierker eens gëtt, heescht elo net, dass een elo en Expert direkt ass, vläicht an engem professionelle Kontext Microsoft Office oder aner Outilen do ze notzen.“

Et ginn nach analog a digital Méiglechkeeten 

De Ben Max betount, datt et och ëmmer nach analog Méiglechkeete géife gi fir Demarchen duerchzeféieren, fir de Bierger:innen e gewësse Choix ze loossen. An deem Kontext hätt den Digitalisatiounsministère am Ament eng Enquête lafen, fir de Besoin u sougenannten „Guichets de proximité“ erauszefannen. Dat si lokal Plazen, wou d‘Leit kënne higoe fir déi Demarchen ze maachen, déi ee soss just iwwer guichet.lu kéint maachen. Och dat géif zum Aktiounsplang vum Ministère fir Digitalisatioun gehéieren. 

Lauschtert hei den Interview mam Ben Maxplay_arrow

Aktualitéit
National
Politik a Gesellschaft