Radioen

On air

9 bis 1  |  Alt-J - Left Hand Free

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Wiessel op d'LuxTrust-App: Grad fir eeler Leit eng Erausfuerderung

D'Enn vum Token

De Wiessel op d'LuxTrust-App: Grad fir eeler Leit eng Erausfuerderung

Wien Onlinebanking mécht oder sech bei MyGuichet umelle wëll, dee konnt dat bis elo ëmmer mam Token maachen. Mee dee gehéiert geschwënn der Vergaangenheet un. Duerno leeft alles iwwert d'LuxTrust-App. Grad eeleren Notzer:inne mécht dat Suergen.

auto_stories

4 min

headphones

5 min

© Luxtrust play_arrow
Foto: LuxTrust

Fir vill Notzer:inne - virun allem méi eeler Leit - ass d'Notze vum Smartphone an den Apps, déi dodrop ze fanne sinn, dacks eng Erausfuerderung. Deemnächst kënnt eng weider App dobäi, déi genotzt muss ginn: LuxTrust mobile. Dës App ersetzt nämlech den Token, dee vun Enn dës Jores un net méi funktionéiere wäert. Dofir gi Coursen ugebueden, déi de Leit dobäi hëllefe sollen, deen Iwwergank esou gutt wéi méiglech ze meeschteren.

"De gesonde Mënscheverstand notzen"

Esou zum Beispill an der Gemeng Park Housen. A klenge Gruppe vu 5 Persoune gëtt hei de Wiessel vum Token op d’App geléiert. Déi meescht Participanten hu bis elo ëmmer den Token benotzt, fir hiren Onlinebanking ze bedreiwen. Anerer hu sech och mol vu Frënn oder Famill hëllefe gelooss. Déi meescht Leit am Cours sinn awer nach onsécher, op hinnen dat mat der App an Zukunft gelénge wäert.

Vill Participantë fille sech an der digitaler Welt net wuel a fäerten, Affer vun engem Bedruch ze ginn. Dofir zécke si, eppes um Internet ze ënnerhuelen, erkläert de Steve Reiffers, agreéierten E-Formateur, deen dëse Cours leed.

“Dat ass och de Grond firwat mir zum Beispill och ee Cours zur Sécherheet am Internet ubidden, wou mir eebe genau op déi Thematik aginn, op wat datt d'Leit sollen oppassen, datt si net op alles solle klicken, wat si geschéckt kréien. An et ass eebe wichteg, datt si deen Ament de gesonde Mënscheverstand notzen.” 

U sech ass dee Wiessel vum Token op de LuxTrust Mobile technesch relativ einfach ze maachen an et dauert och net all ze laang, bis datt een déi nei Applikatioun vu LuxTrust gelueden huet. Mee dacks hänkt et schonn u klenge Probleemer, weess de Steve Reichers.

“Et muss ee jo fir d'éischt emol déi Applikatioun eroflueden op säin Handy, déi LuxPass Mobile App, déi jo dann den Token ersetzt. An do ass heiansdo schonn, also beim dem iPhone, wou een dann heiansdo muss d'Passwuert aginn, fir senger AppleID, fir sech ze identifizéiere bei Apple, wou et dann heiansdo schonn haakt, well d'Leit dann d'AppleID vergiessen.”

Schrëtt fir Schrëtt geet de Steve Reiffers mat de Leit déi eenzel Etappen duerch, fir d’App ze installéieren, an op wat si oppasse mussen.

Och doheem bei de Leit

D’Clubhaus op der Heed, dee vu 7 Nordgemengen ënnerstëtzt gëtt, besteet zënter 25 Joer. D‘Coursen am digitale Beräich viséiere virun Allem eeler Bierger, erkläert d’Tania Draut, Chargée de direction vum Clubhaus op der Heed.

“Mir schaffe scho ganz laang an deem Beräich. Dat heescht säit 1999. Fir d'éischt mat Internetstuffen, an elo hu mir eebe gemierkt, datt et vill méi ganz konkret Saache ginn, konkret Froen, wann d'Entwécklung weidergeet, wou een dann de Leit muss virunhëllefen.”

Wichteg fir d’Leit ass et och, datt se beim Clubhaus Hëllef géife kréien, dowéinst géif een elo bei d’Leit goen, seet d’Tania Draut.

“D’Leit hu keng Hemmunge fir eis hir konkret Froen ze stellen. An natierlech ass et méi einfach, wann dat dann och méi no bei hinnen doheem an hire Gemengen ass. An dofir wäerte mir ganz sécher och nach an déi aner Gemenge goen.”

Bis elo war een an der Gemeng Wëntger, an  eben an der Gemeng Park Housen.

D’Participantë vum Cours an der Gemeng Park Housen appreciéieren dës Offer. A mat Hëllef vun den Explikatioune vum Steve Reiffers klappt och de Wiessel op d’LuxTrust App.

“Mir huet et scho gehollef, mee ech muss et natierlech och doheem üben. Dat ass ëmmer mäi Problem. Ech hat nach aner Coursen hei beluecht, an ech hunn et herno net méi geüübt.”

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft