Radioen

On air

Philo am Gespréich  |  Philosophie und Kritische Theorie

play_arrow Live
search

/ Vott iwwer zukünfteg Verfassung

Tchad

Vott iwwer zukünfteg Verfassung

Am Tchad gëtt haut iwwert déi zukünfteg Verfassung ofgestëmmt.  Dee Vott ass extrem wichteg, fir eng politesch Iwwergangsphasen ze lancéieren. Dat zentral-afrikanescht Land gëtt den Ament vun de Militär geleet.

auto_stories

1 min

Wéinst de Konflikter an de Nopeschlänner si ganz vill Mënschen an den Tchad geflücht.

Am Weste läit de Niger, wou eng Militärjunta de pouvoir iwwerholl huet. Am Oste läit de Sudan vu wou aus honnertdausende Mënsche wéinst de schwéiere Kämpf an der Regioun Darfur an den Tchad geflücht sinn.,

Den aktuelle Militärchef Mahamat Déby huet fir dat nächst Joer Walen an een Transfert vun der Muecht versprach.