Zu Paräis fänkt de Prozess géint de Grupp Lafarge, Produzent vu Bëtong a Baumaterialien, an aacht fréier Responsabeler haut um Dënschdeg un. Si kréie virgehäit, dschihadistesch Gruppen, dorënner den Islamesche Staat, bezuelt ze hunn, fir datt eng Bëtongsfabrick a Syrien a Betrib konnt bleiwen. Ënner den Ugekloten ass de fréieren Direkter Bruno Lafont. De Grupp Lafarge war 2015 vum Schwäizer Grupp Holcim opkaf ginn.
arrow_back_ios
100komma7.lu
Grupp Lafarge
|Virworf vun Terrorismus-Finanzéierung
Fir d'éischte Kéier muss a Frankräich eng multinational Firma sech wéinst dem Virworf vun Terrorismus-Finanzéierung viru Geriicht veräntwerten.
(Foto: unsplash)