arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Franséische Parquet lancéiert Enquêtë wéinst veronrengegter Babymëllech

Frankräich

|
headphones

1 min

Franséische Parquet lancéiert Enquêtë wéinst veronrengegter Babymëllech

Wéi d‘Autoritéite vu Paräis matdeele geet et ëm Produite vun de Marken Nestlé, Lactalis, Danone, Babybio a La Marque en moins. Schonn ugangs Januar goufe verschidden Zorte Puddermëllech zeréckgeruff wéinst dem Verdacht op de Gëftstoff Cereulid.

headphones

1 min

© picture alliance / dpa Themendienst | Andrea Warnecke
(Foto: picture alliance / dpa Themendienst | Andrea Warnecke)

3 Puppelcher déi di concernéiert Produite gedronk hate ware gestuerwen, 15 weiderer goufen a Spideeler behandelt. Ob een Zesummenhang mat der Puddermëllech besteet ass nach net sécher a steet am Fokus vun den Enquêten.