arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frankräich etabléiert Spezialunitéit fir méiglech Lienen zu Epstein-Affär opzedecken

Epstein-Affär

|
headphones

1 min

Frankräich etabléiert Spezialunitéit fir méiglech Lienen zu Epstein-Affär opzedecken

Frankräich huet eng Spezialunitéit etabléiert, fir méiglech Verbindungen zu dem amerikanesche Sexualstroftäter Jeffrey Epstein ze iwwerpréiwen. Wéi de Parquet vu Paräis matdeelt, sollen dobäi méiglech Strofdote vu franséische Bedeelegten opgedeckt ginn.

headphones

1 min

© Picture Alliance/Ralph Alswang/The White House / Avalon
(Foto: Picture Alliance/Ralph Alswang/The White House / Avalon)

Doriwwer eraus soll de Fall vum fréiere Model-Agent Jean-Luc Brunel op en neits ënnersicht ginn. De Fransous, dee viru sengem Doud Vergewaltegung reprochéiert krut, war ee Geschäftspartner vum Jeffrey Epstein. 

Dem franséische Parquet no kéinten dës Elementer Strofdote vun ënnerschiddlecher Zort, ma virun allem vu sexueller a finanzieller Natur un d'Liicht bréngen.