Politeschen Drock op de Patrick Bruel wéinst Virwërf vu Vergewaltegung
Am Frankräich verstäerkt den Drock op de Sänger Patrick Bruel sech. De Paräisser Buergermeeschter Emmanuel Grégoire huet en Appell un de Sänger gemaach, fir seng Karriär elo mol tëschent Klammeren ze setzen, konkret also Concerten ofzesoen, an dat esou laang, bis d‘Justiz hir Aarbecht gemaach huet.
De Patrick Bruel 2024 (Foto: EPA/GONZALO FUENTES / POOL MAXPPP OUT)
Géint de Patrick Bruel ginn et 4 Enquêtë wéinst Viol a sexueller Aggressioun am Frankräich, an eng an der Belsch.
D‘Affär huet sech an de leschten Deeg héichgeschaukelt, a weider Plainten solle nach nokommen. An engem Mount soll de Sänger op Tournée goen. Gëschter schonn hate verschidde franséisch Buergermeeschteren hie gebieden, net bei hinnen opzetrieden.