Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Virowend vun Nationalfeierdag

Nationalfeierdag

Virowend vun Nationalfeierdag

Haut ginn et um Virowend vun Nationalfeierdag déi traditionell Festivitéite mam Fakelzuch an der Stad a Presenz vun der groussherzoglecher Koppel deen um hallwer 10 den Owend ufänkt. D’Freedefeier fänkt um 11 Auer un, a gëtt musikalesch vun enger Kompositioun vum Pol Belardi begleet.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance | CHROMORANGE / Monika Wirth

Déi groussherzoglech Koppel gëtt zu Kielen vum Buergermeeschter Félix Eischen empfaangen, dëst zesumme mam Chamberpresident Claude Wiseler, dem Finanzminister Gilles Roth an dem Familljeminister Max Hahn

Den Ierfgroussherzog Guillaume an seng Fra Stéphanie ginn haut op Esch wou ënnert anerem de Vize-Chamberpresident Mars di Bartolomeo si empfänkt.

Muer ass dann an der Philharmonie déi offiziell Zeremonie fir Nationalfeierdag.