Radioen

On air

Popfilter  |  Nadia Reid - Changed Unchained

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Finanzbedruch am grousse Stil bei franséischer Kleedermark

100 Milliounen Euro

Finanzbedruch am grousse Stil bei franséischer Kleedermark

Déi franséisch Kleedermark Kiabi ass Affer vun engem spektakuläre Finanzbedruch ginn. Eng 100 Millioune solle vun enger eemoleger Tresorière detournéiert gi sinn. D’Persoun sëtzt an Ënnersichungshaft. Vun de Sue feelt awer weiderhin all Spuer. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Max Tholl (Paräis)

Mëtt Juli wollt d’Direktioun vun der Kleeder-Châine Kiabi en Investissement recuperéieren, deen d’Entreprise e Joer virdru gemaach hat. Bei der Bank gouf een awer doriwwer informéiert, datt dëse Konto eidel wier.

Franceinfo no soll et sech ëm 100 Milliounen handelen, déi elo gesicht ginn. De Montant gouf ëmmer nees op aner, nei Konten transferéiert, fir datt een um Enn net méi noverfollege kann, wou d’Sue gelant sinn. Doropshi gouf de Paräisser Parquet ageschalt, dene och séier eng verdächteg Persoun konnt ausmaachen: Eng haut 39-Joer al Fra, déi fréier als Tresorière fir Kiabi geschafft huet a mëttlerweil a Florida lieft, a matt Luxusproduite Sue mécht.

Den 12. August war si mat engem Privatjet op Korsika gelant a gouf hei vun der Police interpelléiert, an op Paräis an Ënnersichungshaft transferéiert. Hir gëtt Bedruch a Geldwäscherei am organiséierte Stil virgehäit.

Et gëllt als onwarscheinlech, datt d’Fra eleng gehandelt huet. Kiabi huet sech bis elo nach net ausféierlech zum Fall geäussert. D’Direktioun huet just der AFP matgedeelt, datt ee vollst Vertrauen an d’Moossname vun der Justiz a Police huet, an déi geklauten Zomm Suen d’Entreprise net an eng finanziell Noutsituatioun bréngt.

Lauschterenplay_arrow