search

/ Virfinanzéierung vu Photovoltaikanlagen unanime ugeholl

Klima an Energie

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Virfinanzéierung vu Photovoltaikanlagen unanime ugeholl

Eestëmmeg huet d’Chamber um Donneschdegmëtteg de Gesetzprojet ugeholl iwwert d’Virfinanzéiere vu Photovoltaikanlagen an och der Batterie, fir Solarstroum ze späicheren. Zil ass et, fir finanziell Bremsen opzehiewen, déi d’Bierger:innen drun hënnere kéinten, fir an erneierbar Energien z’investéieren.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Unsplash /  Daniele La Rosa Messina
(Foto: Unsplash / Daniele La Rosa Messina)

An Zukunft applizéieren d’Installateuren d’Subventioun direkt op d’Rechnung vum Client. Dee brauch also keng Sue virzestrecken. Wann d’Subventioun accordéiert ass, bezilt de Staat der Entreprise se zeréck, an Zäit vun engem Mount. D’Decisioun iwwer de Remboursement ass bannent zwou Wochen ze huelen. Wann dat net geschitt, gëllt de Prinzip "silence vaut accord".

Plus vu Gerechtegkeet

Zejoert goufen iwwer 8.000 Photovoltaikanlagen zu Lëtzebuerg installéiert, an dëst Joer waren et der bis Ufank Dezember schonn iwwer 8.200, huet de Wirtschaftsminister Lex Delles um Enn betount. Do virdrun hat d’DP-Rapportrice Carole Hartmann erkläert, datt een duebel profitéiere kann, wann ee sech och eng Batterie zouleet:

"Batterien, déi eenzel kaf ginn, kënnen net vum Virfinanzement profitéieren, mee wa se eng scho bestoend Anlag ekipéiere sollen, da si se och eligibel, fir eng Subventioun ze kréien."

De Jeff Boonen vun der CSV huet op e Plus u Gerechtegkeet verwisen.

“D'Allgemengheet huet deenen, déi sech et leeschte konnten, hir PV-Anlag zum groussen Deel bezuelt. Dat ass elo anescht mat der Virfinanzéierung. D'Ënnerstëtzung vun der erneierbarer Energie gëtt méi sozial a méi gerecht.”

Piraten: "Regierung wart léiwer op den Effet d'annonce"

De Sven Clement vun de Piraten huet bedauert, datt et laang gedauert huet, bis d’Virfinanzéiere Realitéit gëtt:

"Well d'Regierung léiwer op den Effet d'annonce a Réannonce a Réréannonce gesat huet, wärend d'Leit dobausse weiderhin op hir Hëllefe gewaart hunn."

Den David Wagner vun déi Lénk huet betount, datt d’Hëllef eppes bréngt, och wa sech net jidderee sou eng Anlag leeschte kéint.

"Do ass et da schonn en Ënnerscheed, ob een déi 20.000 Euro muss selwer virstrecken oder ob ee ronn 10.000 Euo direkt ofgehale kritt vum Präis, well déi iwwer staatlech Hëllefen da gedeckt sinn."

Donieft gouf och de Projet de loi iwwert d’staatlech Hëllef an Héicht vun 150 Milliounen Euro fir d’Stroumnetzkäschten eestëmmeg guttgeheescht.

 

play_arrow Lauschteren