De Jeff da Costa hat 2021, no den heftegen Iwwerschwemmungen, kritiséiert, datt verpasst gi wier, d‘Bevëlkerung éischter ze warnen. Déi Kritik hat dozou gefouert, datt hie seng Aarbecht deemools verluer hat. Aktuell schléisst hie seng Dokteraarbecht op der Uni zu Reading an England of.
D‘Gemenge kéinten och net alles maachen, wann et zu engem Katastrophefall géif kommen, do misst een och als eenzel Persoun drop agestallt sinn.
System riskéiert trotzdem u seng Limitten ze kommen
De Jeff da Costa seet, datt een och selwer wësse soll, wéi enge Risiken een ausgesat ass, wéi ee sech a sengen Noperen hëllefe kann a sech virbereede kann. De Resilienzplang, an och déi lokal Resilienzpläng vun de Gemenge wieren ee gudde Wee, fir dat ze facilitéieren.
"Mee et muss een natierlech de System am Ganze kucken, well wann een esou a Siloen denkt, da riskéiert een eeben, dass een erëm op esou eng Plaz kënnt wéi 2021, wou eeben de System erëm un d'Limitt kënnt."
Et misst een och d’Ressourcen am A halen, esou nach de Jeff da Costa. Wann eppes géif geschéien, wier et jo net ëmmer an der Woch tëschent aacht a fënnef. Do missten d’Autoritéiten dann och an der Nuecht oder Weekends prett sinn.