arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Klimabilan 2025: Ze naass, ze waarm an ze sonneg

Meteo

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Klimabilan 2025: Ze naass, ze waarm an ze sonneg

D’Joer 2025 war ze naass, ze waarm an ze sonneg. Dat ass de Constat, dee Meteolux, Agrimeteo an d’Waaserverwaltung an hirem gemeinsame Klimabilan fir d’lescht Joer gezunn hunn. 2025 ass zënter den Opzeechnungen am Joer 1947 dat aachtwärmste Joer iwwerhaapt gewiescht. 

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Unsplash / Eelco Böhtlingk
(Foto: Unsplash / Eelco Böhtlingk)

Den aktuelle Klimabilan fir d’Joer 2025 reit sech an den Trend vun de leschten 10 bis 20 Joer an, besonnesch wann een op d’Duerchschnëttstemperatur kuckt, wéi de Luca Mathias vu Meteolux erkläert.

"Mir hunn erëm a puncto Temperatur en Duerchschnëttswäert iwwert d'Joer vun iwwer 10 Grad, fir genau ze sinn, vun 10,5 Grad. Domadder leie mir 0,7 Grad iwwer der Referenzmoyenne vun 1991 bis 2020. Dat heescht, mir gesinn elo innerhalb vun de leschten zwanzeg Joer, dass et ëmmer méi heefeg gëtt, dass mir Joren hunn, wou d'Duerchschnëttstemperatur iwwer 10 Grad läit."

Viru 40 Joer wier dat quasi ni de Fall gewiescht, esou nach de Luca Mathias. 

Auswierkunge vum Klimawandel

Déi Temperaturen, esou wéi Hëtztwellen an de vergaangene Joren, wiere sécherlech op de Klimawandel zeréckzeféieren, seet de Luca Mathias.

De Klimawandel huet awer och Auswierkungen op dat méi kaalt Wieder.

"De Wanter vun 2024 op 2025 hate mir och immens wéineg Deeg mat Schnéifall, respektiv Schnéi um Buedem. Dat hu mir och elo iwwer déi lescht 30, 40 Joer um Findel gesinn, dass dat immens staark ofgeholl huet. An dat ass sécherlech och en Zeechen da vum Klimawandel."

Kee Mount mat normale Referenzwäerter

Wat de Reen ugeet war 2025 en immenst variabelt Joer. Et goufen immens naass Méint, notamment de September, wou et Iwwerschwemmunge gouf an och d’Intensitéitsrekorder um Findel gebrach goufen.

Aner Méint, wéi den Dezember oder de Mäerz, waren awer extrem dréchen. Et gouf kee Mount, wou d’Wäerter um normale Referenzwäert louchen. 

Ville Reen am September huet fir statisteschen Ausglach gesuergt

Obwuel et op dat ganzt Joer gekuckt ze naass war - dat mat 100 Liter op de Meterkaree Iwwerschoss, déi um Findel gemooss goufen - goufen et awer grouss Saison Schwankungen. Et goufen nämlech och méi laang Drécheperioden.

Op ville Wiederstatioune vum Joer huet et wärend méi wéi sechs Méint vill manner gereent wéi soss. Dat huet de ville Reen aus dem September souzesoen ausgeglach, esou nach de Luca Mathias.

play_arrow Lauschteren