Radioen

On air

De Weekend  |  Bullion - Rare Feat. Carly Rae Jepsen

play_arrow Live
search

/ Schlammwiss: ee Wanterheem fir Vigel

Natur an Ëmwelt

Schlammwiss: ee Wanterheem fir Vigel

D’Schlammwiss am Syrdall ass en Natura 2000 Gebitt an ass als Lëtzebuerger Naturschutzgebitt ausgewisen. De Biotop ass ee Fiichtgebitt an ass ganz räichhalteg an huet speziell vill Schilf also Lëtsch. Dat sinn ideal Konditioune fir verschidde Vullenaarten. De Bird Ringing Station Uebersyren an déi lokal Sectioun vun Natur an Ëmwelt hunn dëse Weekend eng Vigelzielung organiséiert, fir déi sech 24 Persounen ageschriwwen hunn.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

© Jean-Claude Majerus play_arrow
(Foto: Jean-Claude Majerus)

Interessant ass d’Schlammwiss, well eng ganz Partie Vigel, déi aus dem Norde komm sinn, an deem Gebitt iwwerwanteren, präziséiert de Jim Schmitz vun Natur Reserve Schlammwiss.

Vullen aus den Alpe migréieren an de Norden

Eng Rei Vigel, déi een an der Schlammwiss observéiert, kommen awer aus méi südleche Géigenden ewéi d’Alpen, präziséiert de Jim Schmitz:

“Mir hunn eng Espèce, déi aus dem Alpen erop kënnt, dat heescht praktesch aus dem Süden no Norden zitt, wou mir schonn iwwer zwanzeg Joren ee Monitoring dovunner maachen, dat ass de Bergpieper. Wéi den Numm et seet, breet hien iwwer 1500 Meter an den Alpen an deen zitt och gären no Norden a mir hunn eng ganz Populatioun dovun. Hei maache mer zanter 20 bis 25 Joer ee Suivi vun deenen, déi hei ënnen an der Schlammwiss dann iwwerwanteren.” 

Sëlwerreeër a Co.

Fir de Moment sinn eng ganz Partie Iwwerwanterer an der Schlammwiss present. Ënnert anerem de Sëlwerreeër, erkläert de Jim Schmitz:

“De Sëlwerreeër, op gutt Däitsch heescht deen da Silberreier, ass e schluetwäisse Cousin vum Groreeër oder wéi mir op Lëtzebuergesch soen, de Fëschreeër, déi mir och monitoren. Do hu mer der ronn 25, déi hei am ieweschte Syrdall iwwerwanteren, an déi hunn och eng Schlofplaz an engem klenge Bëschelchen an der Schlammwiss. Dat heescht, mir gesinn déi bei den Observatiounen, an dat ass notamment ee ganz flotte Vugel, deen een och gutt gesäit an deen een net stéiert.”

Vulle gi gezielt mee och markéiert

D’Birdringing Statioun Uebersyren vun der Natur Reserve Schlammwiss ass zoustänneg fir d’Vullen ze beréngen. Dat gëtt net nëmme bei den Zielunge gemaach, mee iwwer d’Joer, an do kënne Laien och matgoen, präziséiert de Jim Schmitz.

“Dat geschitt och bei de Visite-guidéeë bei eis an der Schlammwiss ganzt Joer a mir weisen de Leit, wéi mir déi wëssenschaftlech Aarbecht maachen. Si kënnen nokucken, wéi d'Vigel hire Rang kréien an dann nees fortfléien. Dat heescht, mir weisen de Leit, wéi dat gemaach gëtt an an dësem Fall wäerte mir dat och maachen an zwar warscheinlech och op der Plaz, dat heescht d'Leit kréien dat direkt gewisen."

Lauschterenplay_arrow