Radioen

On air

Spektrum  |  CRX - Mean To Be Cold

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ënnerschiddlech Reaktiounen op den aktualiséierte PNEC

Ëmweltorganisatiounen an ASBL

Ënnerschiddlech Reaktiounen op den aktualiséierte PNEC

D’Meenungen zur aktueller Versioun vum nationalen Energie- a Klimaplang (PNEC), déi de Mëttwoch virgestallt gouf, ginn auserneen. Wärend d’Ëmweltorganisatioun Greenpeace Lëtzebuerg fënnt, datt ee méi ambitiéis un d'Areeche vun de Klimaziler misst erugoen, gesäit d’ASBL Eurosolar Lëtzebuerg de Plang als e Schratt an déi richteg Richtung. 

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow

An där aktualiséierter Versioun vum PNEC géifen et keng all ze grouss Changementer ginn. Do si sech d'Organisatiounen eens.

Eurosolar: Méi Leit d'Sue virstrecken

Nei am PNEC ass de Prefinanzement vun de Photovoltaikanlagen an d'Ewechfale vun der Baugeneemegung. Ee Punkt, dee bei Greenpeace, Natur&Ëmwelt a bei Eurosolar op positiven Zousproch fält.

De Paul Zens, Member vun déi gréng a President vun Eurosolar, seet awer, et wier nach Loft no uewen. 

"Et kéint een nach bësse méi maachen. An deem Sënn, datt zum Beispill d’Leit, déi och déi Suen net hunn, fir virzestrecken, datt een deenen och géif hëllefen."

Kommen d'Leit automatesch zur Wäermepompel?

En aneren, vill diskutéierte Punkt, ass de Verbuet vun neie fossillen Heizungen. Anescht wéi déi viregt Regierung gesäit d’CSV-DP Regierung keng Noutwendegkeet fir en obligatoresche Wiessel vu fossillen Heizungen op Wäermepompelen. Fir Greenpeace ass dat problematesch, seet de Frédéric Meys.

“C’est clairement pas dans la bonne direction. Mais il y a des raisons techniques et aussi financières qui sont derrière tout ça.”

De Paul Zens huet zu deem ëmstriddene Punkt eng pragmatesch Meenung.

“Et ass souwisou eng Decisioun fir déi besser Technik. An ech mengen, do muss ee guer näischt verbidden, an et muss ee sech och net géint e Verbuet ausschwätzen, well Leit, déi nodenken, déi mierken duerno, datt de Pëtrol souwisou eng fossil Energiequell ass, déi ausleeft, déi kee méi brauch. An dann decidéiert ee sech souwisou fir dat, wat funktionéiert, an dat ass numol eng Wäermepompel.”

Natur an Ëmwelt: Nach vill Efforten néideg

De PNEC gesäit vir, datt Lëtzebuerg seng klimaschiedlech Emissioune bis 2030 - a par rapport zu 2005 - ëm 55 Prozent reduzéiert. Domat wier een um gudde Wee, erkläert d’Claudine Felten, Direktesch vun Natur&Ëmwelt. Awer et wier och nach e wäite Wee.

“2050 eeben op Null ze kommen, dofir sinn nach ganz vill Efforten néideg.”

De Mouvement écologique géif sech wënschen, datt d'ONGe méi an d'Klimapolitik géife matabezu ginn a kritiséiert, datt den zoustännege Ministère net op Interventioune vum Mouvement écologique reagéiert hätt.  

Lauschteren

Aktualitéit
Nohaltegkeet
Ëmwelt