Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Zuel vun de schützenswäerte Beem soll erofgesat ginn

Natur an Ëmwelt

D'Zuel vun de schützenswäerte Beem soll erofgesat ginn

Op enger neier geplangter Lëscht proposéiert d'Naturverwaltung, d'Zuel vun de schützenswäerte Beem op 100 festzeleeën. Dat sinn der 400 manner wéi bis elo. De Mouvement écologique schléit elo Alarm.

auto_stories

1 min

Foto: Bigstock

Op där neier geplangter Lëscht vun dësen "aussergewéinleche" Beem, déi d‘Naturverwaltung elo proposéiert, wieren nëmmen nach 100 där Beem, amplaz vun iwwer 500 bis elo. 

Deemno wiere 400 Beem "deklasséiert" ginn an hätten hire Status, an domat och déi finanziell Hëllefe fir hire Schutz an d‘Fleeg verluer, esou de Mouveco an engem Schreiwes.

Plaz maache fir Bauprojeten?

D‘Ëmweltschutzorganisatioun stellt d‘Fro, wéi eng Grënn et kéint ginn, fir d‘Zuel vun den "arbres remarquables" esou drastesch ze reduzéieren. De Mouveco äussert de Verdacht, datt déi geschützte Beem eventuell Bauprojeten am Wee kéinte stoen, oder dass d‘Regierung spuere wéilt.

De Mouvement Ecologique hätt formell géint dës Virgoensweis reklaméiert a fuerdert den Ëmweltministère op, déi geplangten nei Lëscht vun de remarkabele Beem ze iwwerschaffen.

145 nei Beem sollen iwwerdeems op d'Lëscht gesat ginn. Fir d'Ëmweltorganisatioun ass dës Zuel awer ze niddreg.