Radioen

On air

Notturno  |  Sufjan Stevens - Mystery Of Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Héichwaasser: Musterschüler Angelduerf

Gesellschaft

Héichwaasser: Musterschüler Angelduerf

Et si gläich dräi Joer hier, datt Lëtzebuerg vun engem Joerhonnert-Héichwaasser zum Deel iwwerrascht gouf. Deemools stounge grouss Deeler vum Land ënner Waasser an et ass grousse Schued enstan. Vill Stéit a Gemengen haten nach Méint duerno mat de Konsequenzen ze kämpfen. Anescht war dat zu Angelduerf bei Dikrech.

auto_stories

2 min

headphones

23 min

play_arrow
Foto: Christiane Kleer

Angelduerf läit no um Waasser an d'Awunner waren et ëmmer gewinnt mat der Gefor vun Iwwerschwemmungen ze liewen. Zanter Ufank den 2000er steet hei eng Héichwaasserschutzmauer ronderëm d'Duerf.

Wa sech een Héichwaasser ukënnegt, kënnt vun engem bestëmmte Waasserpeegel un, eng Zort Krisencellule zesummen, seet de Buergermeeschter vun Ierpeldeng Claude Gleis. Dee Moment behält een de Site inondations.lu am Aen a reagéiert dynamesch op d'Situatioun.

Dat éischt Waasser kënnt iwwer de Kanal duerch d'Gullien an d'Strooss, erkläert den Buergermeeschter. Dee Moment missten Ofwaasserklappen zougemaach ginn. Dono ginn, an Zesummenaarbecht mat de Baueren aus dem Duerf, dann aacht grouss Pompele gesat, déi d'Waasser erëm zeréck an d'Sauer pompelen.

Eréischt ganz zum Schluss ginn Aluminiumselementer op déi bestoend Betonsmauer gesat. "Wann d'Waasser dann natierlech eng Kéier iwwer déi geet, da kënne mir och näischt méi maachen", seet de Claude Gleis.

Planung ass wichteg

Genee deen Zenario wier awer natierlech méiglech, seet de Claude Schortgen vum Waasserwirtschaftsamt. Dofir géif een an der Planung vun enger Mauer géint d'Héichwaasser ee Schutzzil festleeën. Et misst een ausrechnen, wéi ee Waasserniveau  vun der Mauer soll zeréckgehale ginn. 

„Dono muss och gekuckt ginn, ob een d'Mauer iwwerhaapt ka bauen am Sënn vun 'kréie mer et hin, eng Mauer dohin ze setzen, déi eng gewëss Stabilitéit huet?'."

An esou eng Mauer wier schlussendlech natierlech och eng Käschtefro, sou de Claude Schortgen. Et wéisst een natierlech an der Planung schonn, datt et och Waasserniveaue gëtt, déi méi héich sinn, wéi d'Héicht, déi een aus Käschtegrënn wollt a konnt virgesinn.

"An dowéinst ass et och immens wichteg ze wëssen, wat een ze maachen huet, wann een eng Kéier an deem Fall ass, datt d'Mauer iwwerstréimt gëtt."

Héichwaasserkonformt Bauen ass ee weidere Facteur

Et wier och wichteg, datt hannert enger Schutzmauer héichwaasserupgepasst gebaut gëtt an datt een eng sougenennate "Waasergeneemegung" huet.

"Soss huet een einfach de Probleem, datt wann een eppes Neies dohi setzt an et kënnt zu enger Iwwerstréimung, datt mer dann einfach ee grousse Schued hunn."

Lauschterenplay_arrow

Politik a Gesellschaft
Nohaltegkeet
Ëmwelt