Radioen

On air

Notturno  |  Corbi - Um Knäppche Gëtt Gedréint

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stroum mam Noper deelen: ILR  a LIST lancéieren een neien Internetsite

Energie

Stroum mam Noper deelen: ILR  a LIST lancéieren een neien Internetsite

Lëtzebuerg ass ee vun de Virreider an Europa beim Deele vun erneierbarem Stroum mat anere Verbraucher. Dee Prinzip erlaabt et, erneierbar Elektricitéit ze verbrauchen, wa se do ass, a sou d’Käschte vun der Versuergung iwwert de Reseau ze evitéieren. An deem Kontext gouf de Moie beim Regulatiounsinstitut ILR den Internetsite weshareenergy.lu virgestallt.

auto_stories

1 min

Foto: weshareenergy.lu

D’Viraussetzunge fir d’Deele vun erneierbarem Stroum si Smartmeter-Stroumzieler a genuch Photovoltaikanlagen, wéi den ILR-Direkter Luc Tapella ënnerstrach huet.

"Haut, well mir där vill hunn, kreéiere mir een einfache Kader, deen et erméiglecht, dee Stroum, dee lokal produzéiert gëtt, och lokal ze benotzen. Dat heescht, wann ech e Gebai hu mat souvill Appartementer, dass mir dann deen deelen, respektiv datt ech en och an der Strooss mat mengen Nopere kann deelen. An de Kader hu mer elo souwäit opgemaach, datt ech och een zu Wolz ka mat engem Aneren zu Esch deelen."

De Verbraucher muss dann awer d’Reseauskäschte bezuelen, währenddeems wann hien dat bannent der Strooss mécht, keng Réseauskäschte méi brauch ze bezuelen. Et huet een dann also ee finanziellen Avantage, esou de Luc Tapella.

D’Zil wier et, fir den Energiemaart méi no bei den Endverbraucher ze bréngen, sou den ILR-Direkter, dee wéinst der grousser Flexibilitéit an dem klengen administrativen Opwand op de Succès vun dëser Zort vu Stroumdeelen hofft.

Méi Infos op www.weshareenergy.lu

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Nohaltegkeet
Ëmwelt