search

/ Vill ënnerschiddlech Meenunge beim Thema Logement an der Chamber

Chamber

|
headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Vill ënnerschiddlech Meenunge beim Thema Logement an der Chamber

An der Chamber stoung e Mëttwoch d’Diskussioun ronderëm de Logement am Fokus. Deen eenzege Punkt, op deen ee sech an der Plenière gëeenegt huet, ass datt an der Chamber weider soll iwwer eng national Mietkommissioun diskutéiert ginn. Eng Rei Motiounen zum Thema Logement goufen haut ofgeleent.

headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Ganzer fënnef Motiounen am Beräich vum Logement huet d’Chamber rejetéiert, dorënner zwou vum Deputéierte vun déi Lénk David Wagner, deen eng Presentatioun vun der Reform vun de Loyersplafongen bis den 31. Mäerz, an eng Statistik iwwer den Ausschloss vum Logement gefuerdert huet.

D’LSAP-Deputéiert Paulette Lenert huet an hirer Motioun eng Debatt iwwer d’steierlech Ofsetzbarkeet vum Loyer ugestouss.

"Datt grad déi Leit déi Loyer bezuele méi staark belaascht si par Rapport zum Akommes wéi zum Beispill déi déi ee Prêt hunn. An do fanne mir et eng Saach vu Gerechtegkeet fir och de Locatairen d’Méiglechkeet ze ginn hire Loyer ofzesetzen, dat natierlech am selwechte Mooss wéi een dat ka mat sengen Zënsen op engem Prêt hypothécaire maachen."

D’Deputéiert vun CSV, DP an ADR hunn sech géint eng steierlech Ofsetzbarkeet vum Loyer ausgeschwat, well si der Meenung wieren, datt et mat der "Subventioun Loyer" schonn eng substanziell sozial Mesure fir Locatairë géif ginn. Hei misst just een Automatismus an eng besser Kommunikatioun stattfannen, fir datt dës Mesure och do ukënnt wou se wierklech gebraucht gëtt, esou den Alex Donnersbach, de Gilles Baum, an d’Alexandra Schoos.

Wunne ka net steierlech geltend gemaach ginn

Den CSV-Finanzminister Gilles Roth huet doropshin op d’Steiergesetz higewisen a präziséiert, datt Wunnen effektiv net kéint steierlech geltend gemaach ginn.

"Et kann een net vun de Steieren Ausgaben ofsetzen, déi gemaach ginn am Interessi vun de Stéit vun engem Steierzueler oder fir den Ënnerhalt vun de Membere vu senger Famill. Dat si sougenannte Privatausgaben, déi kann ech steierlech net geltend maachen."

Ee Proprietär vun enger Wunneng, deen e Prêt ofbezilt, kéint och nëmmen d’Zënsen ofsetzen, esou nach de Gilles Roth.

LSAP fuerdert national Loyerskommissioun

Weider huet d’LSAP-Deputéiert Paulette Lenert kritiséiert, datt d’Ulafstellen a Mechanisme fir Locatairen iwwer hir Rechter ze hëllefen hei am Land net gutt funktionéiere géifen, an dofir eng national Loyerskommissioun gefuerdert.

"Mir sinn der Meenung, datt wann een dat professionaliséiert an uniformiséiert an esou enger Kommissioun och déi néideg Moyene gëtt fir Strofen ze gi gegeebenefalls, datt dat sécherlech och ee Mehrwert wär.”

Och wann d’Motioun ofgeleent gouf, wéilt een un dësem Punkt an der zoustänneger Chamberkommissioun weider schaffen, esou den DP-Logementsminister Claude Meisch.

"Ech hunn an Aussicht gestallt, datt mir un en Text wëlle goen, datt mir am éischte Quartal d’nächst Joer wëllen een Text virleeën. Datt mir awer och mat de Gemengen, notamment mam Syvicol an aneren Acteuren doriwwer wëllen diskutéieren, an dofir géif ech et net glécklech fannen datt d’Chamber sech lo op een Text, deen awer schonn d’Eckdaten zimmlech kloer huet, géif festleeën. Dat géif deem Dialog nach zimmlech wéineg Spillraum loossen."

Eng entspriechend Motioun kéint da gegeebenefalls zu engem spéideren Zäitpunkt nees an der Plenière debattéiert kéint ginn, sot de Claude Meisch nach.

play_arrow Lauschteren