Radioen

On air

Ligne 2  |  Ligne 2

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Viadukt zu Mënsbech: Firwat zitt sech de Chantier sou an d'Längt?

Ponts et chaussés

Viadukt zu Mënsbech: Firwat zitt sech de Chantier sou an d'Längt?

Op der Autobunn A1 op der Héicht vum Viadukt vu Mënsbech wäert nach méi laang mat Verkéiersbehënnerungen ze rechne sinn. Ursaach si Jointen déi mussen ersat ginn. Déi waren nämlech alleguer defekt.

auto_stories

1 min

© Bigstock / longlens
Foto: Bigstock/longlens

Schonn am Summer 2023 hat ee vun den am ganze véier Jointe misse provisoresch ersat ginn, lo huet sech awer eraus gestallt, datt och déi dräi aner Jointen defekt sinn, erkläert de Roland Fox, Direkter vu Ponts et Chaussées.

Déi Deenungsfuuge si wichteg, wéinst den Dilatatiounsschwellen. Déi zéie sech nämlech jee no deem wéi waarm oder kal et ass, zesummen oder auserneen.

Staark Belaaschtung wéinst dem Trafic

Déi Jointe gi mat der Zäit zolidd belaascht, dat huet och mam Verkéier ze dinn dee permanent zouhëlt. Virun allem d‘Camione sinn eng staark Belaaschtung. 4.000 bis 5.000 Camione fueren den all Dag. Ee Camion riicht dobäi sou vill Schued u wei 10.000 Autoen, betount de Roland Fox.

An enger éischter Phase ginn tëscht dem 12. An dem 22. Juli d’Jointen a Richtung Lëtzebuerg ersat, De Verkéier leeft dann all Kéiers op enger Spuer an d’Vitess ass op 50 limitéiert. Wärend der Summervakanz geet de Chantier dann an eng zweet Phase. Déi Aarbechte sinn awer nëmme provisoresch, déi definitiv Ersatzjointen gi bei enger spezialiséierter Firma bestallt a wäerten eréischt d’nächst Joer kënne agesat ginn.

Aktualitéit
Mobilitéit