Radioen

On air

Notturno  |  Richie Havens - Handouts in the Rain

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Poopst-Visitt: Woumat ass ze rechnen?

Stad Lëtzebuerg

Poopst-Visitt: Woumat ass ze rechnen?

D'nächst Woch ass de Poopst François op Visitt zu Lëtzebuerg. D’Stater Buergermeeschtesch huet den Donneschdeg de Moien Detailer zum Oflaf vun deem Dag presentéiert. Deemno ass elo déi genee Streck, déi de Poopst François mam Papamobil fuere wäert, bekannt.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

De Poopst Francois play_arrow
De Poopst Francois (Foto: picture alliance / ipa-agency | ALESSIA GIULIANI / ipa-agency.ne)

Um 10 Auer moies soll de Poopst Francois um Findel ukommen. Empfaange gëtt hien do vum Grand-Duc a vun der Grande-Duchesse. Da geet et weider bis bei de Palais. Géint 12:45 Auer Mëttes geet et da lass mam Parcours um Papamobil duerch d’Uewerstad. De Poopst Francois fiert d’rue Chimay erof, dann iwwer de Pont Adolphe an iwwer de Boulevard de la pétrusse, ier hien dann ëmdréint an no enger hallwer Stonn - géint 13:15 Auer am Bëschofshaus erwaart gëtt. De ganzen Trajet géif dowéinst ofgeséchert ginn, erkläert d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer. Am Ganze géifen 3000 Barrièren iwwer dee ganze Circuit placéiert ginn, fir datt ëmmer ronn 6 Meter Plaz ass, fir de Papamobil duerchzekréien. 

Deelweis gespaarte Stroossen a zoue Parkingen 

Deementspriechend wäert et och ee gréisseren Impakt op d’Mobilitéit an der Stad ginn. Scho vun 9 Auer moies u wäert keen individuellen Trafic méi mam Auto an der Uewerstad méiglech sinn. D’Avenue Marie-Thérèse an d’Avenue Monterey wäerte gespaart ginn. De Parking Knuedler wäert scho vu Mëtternuecht un zou sinn. D’Parkinge Monterey a Saint-Esprit wäerten accessibel bleiwen. Den ieweschten Deel vum Glacis wäert scho vun e Sonndeg u gespaart sinn. All Detailer dozou gëtt et op liveticker.vdl.lu. D’Lydie Polfer betount, datt den Tram de beschte Moyen wäert sinn, fir an d’Stad ze kommen. Dee géif nämlech ausser tëschent mëttes 12 an 2 Auer de ganzen Dag iwwer fueren.

“Ech menge fir ons ass et einfach wichteg, datt d’Leit wëssen, datt deen Dag wierklech awer eng Rei Restriktioune sinn, datt si sech selwer kënnen dorop astellen.” 

D’Police wäert eegenen Aussoen no, mat engem “konsequente Sécherheetsdispositif” present sinn. Detailer a genee Zuele wollt de Patrick Ewen vun der Police Grand-Ducale net bekannt ginn. Grondsätzlech mécht sech de Generalvikar Patrick Muller awer keng gréisser Suergen, wat d’Sécherheet op deem Dag ugeet. 

“Ech wollt just ze bedenke ginn, datt mir dovun ausginn, dass dat lauter friddlech Biergerinnen a Bierger sinn. Ob si lo zur Relioun stinn oder net, et ass jo awer ee Mann vum Fridden. Ech denken elo net dass lo Feinden oder Hooligans opdauchen, wéi dat bei anere Geleeënheete kéint sinn.” 

No der Renconter an der Kathedral, déi vun hallwer 5 bis hallwer 6 geplangt ass, geet et fir de Poopst Francois zeréck op de Findel fir um selwechten Owend nach op Bréissel ze fléien. Do gëtt hien nämlech vum belsche Kinnek Philippe erwaart.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Mobilitéit
National