Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gréisser Aarbechte vun der CFL an der Allerhellegevakanz

Mobiliéit

Gréisser Aarbechte vun der CFL an der Allerhellegevakanz

Zuch-Passagéier musse sech d’nächst Woch op gréisser Changementer astellen. Eng Parti Strecken si vu muer, 26. Oktober, un, bis e Sonnden 3. November komplett gespaart.

auto_stories

1 min

© Rob Dammers
Foto: Rob Dammers

Dorënner d’Linn tëschent Kautebaach a Wolz. Och op de Strecken tëscht der Stad an Dikrech, der Stad an Arel, an tëscht der Stad a Rodange wäerte keng Zich fueren. Op dëse Linne ginn awer Ersatzbusser organiséiert. D’Linn tëscht der Stad a Lonkech ass souguer bis den 13. November vun de Changementer betraff.

D’CFL profitéiert vun der Allerhellegevakanz, fir Entrentiens- a Moderniséierungsaarbechten duerchzeféieren. Dat geet vum Iwwerpréiwe vun de Brécken bis hin zum Ersetzen vun den Signal-Anlagen, erkläert d’Alessandra Nonnweiler vun der CFL.

“Dat sinn awer och Ersetzen vu Gleisen a Schwellen. An dann hu mer och haaptsächlech op der Linn am Norden, well mir jo lo do een neit digitaalt Stellwierk hunn, huele mer do awer nach ee ganze Koup vu Signaler fort, déi einfach net méi gebraucht ginn."

Lauschterenplay_arrow

Op där selwechter Linn ginn och Brécke kontrolléiert, wéi zum Beispill de Viaduct op der Polfermillen. Déi mussen all 5 Joer kontrolléiert ginn, erkläert, d'Alessandra Nonnweiler. 

Aktualitéit
Mobilitéit
National