Radioen

On air

9 bis 1  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Am September goufe méi E-Autoen immatrikuléiert wéi Diesel oder Bensinner

Mobilitéit

Am September goufe méi E-Autoen immatrikuléiert wéi Diesel oder Bensinner

Am September sinn zu Lëtzebuerg méi Elektroautoe verkaaft gi wéi Bensinner oder Dieselen. 31 Prozent vun den neien immatrikuléierten Autoe ware leschte Mount Elektroautoen. 27 Prozent Bensinner an 11 Prozent Dieselen. Dat geet aus den neien offiziellen Zuelen ervir. De September war de leschte Mount vun den héije staatleche Subventioune fir Elektroautoen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Mee net just de September goufe vill Elektroautoe verkaaft. Den Trend huet an de leschte Jore konstant no uewe gewisen. An den éischten néngt Méint vun dësem Joer louch den Undeel vun den immatrikuléierten Elektroautoe bei 27 Prozent. Am selwechten Zäitraum d’lescht Joer waren et 21 Prozent, an 2022 waren et 14 Prozent. Op der anerer Säit huet d’Vente vun Autoe mat engem Dieselmotor staark ofgeholl.

Ofwaarden op Afloss vum neie Primmesystem

Vun alle voll elektreschen Autoen, déi bis ewell dëst Joer ugemellt goufen, maachen d’Betribsautoen ee groussen Deel aus, an zwar méi wéi d’Hallschent. Déi spannend Fro am Moment ass, wéi een Impakt d’Ännerunge vum Primmesystem op den Automobilmarché zu Lëtzebuerg hunn.

Bis Enn September krut ee fir en Elektroauto nach maximal 8.000 Euro vum Staat. Zënter dem 1. Oktober sinn et fir spuersam Elektroautoe maximal 6.000 Euro, fir mëttelspuersamer maximal 3.000 Euro a fir déi aner guer näischt méi.

An Däitschland waren d’Primme fir Elektroautoe virun zéng Méint gestoppt ginn. De Verkaf vun Elektroautoe war dono agebrach. Mëttlerweil huet e sech nees stabiliséiert, awer net méi op den Niveaue vun 2023.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Mobilitéit
National