Radioen

On air

Notturno  |  Sun Glitters - Everything Could Be Fine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tramstreck iwwer d‘Areler Strooss gëtt 3 Joer méi fréi operationell wéi geplangt

Mobilitéit

Tramstreck iwwer d‘Areler Strooss gëtt 3 Joer méi fréi operationell wéi geplangt

Fir d’Tramsstreck iwwert d’Areler Strooss bis bei den CHL ass eng zum Deel ënnerierdesch Streck virgesinn, déi 2032 operationell soll ginn. Dat hunn d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, d’Mobilitéitsministerin Yuriko Backes an den Direkter vu Luxtram den Helge Dorstewitz um Freidegmoie virun der Press erkläert.

auto_stories

1 min

Tram | © picture alliance / Harald Tittel / dpa

Dat sinn 3 Joer méi fréi ewéi um Ufank geplangt. Den Tunnel ass tëscht dem Quartier Stade an dem CHL geplangt, a wier 550 Meter laang. Op där neier Streck si 4 Statioune virgesinn déi all iwwerierdesch sinn.

D’Tramstreck op der Escher Strooss déi d’Stäreplaz mat der Cloche d’Or verbënnt, soll prioritär gebaut ginn, an 2031 fäerdeg sinn, well se eng wichteg Verbindung duerstellt.

Detailer gouf et iwwert de séieren Tram op Esch. Dee wäert plazeweis kënne mat bis zu 85 Kilometer an der Stonn fueren. Déi éischte Statioun zu Leideleng kéint 2028 operationell sinn.

Donieft gëtt och nieft dem Stadion op der Cloche d’Or een neien Tramsschapp gebaut.

Kritik vun déi gréng

Déi gréng hunn an engem Communiqué hir Bedenke geäussert. Wann elo nei Etüde misste gemaach gi wéinst neie Varianten, da kéint dat zu Retarde féieren beim Ausbau vum Tram. Ee Fortschrëtt wier dat also net, kritiséieren déi gréng.