Radioen

On air

Notturno  |  Beirut - Hadsel

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Handy: Wéi Erwuessener mam schlechte Beispill virginn

Fräie Mikro

Handy: Wéi Erwuessener mam schlechte Beispill virginn

Den Handy gëtt an Zukunft aus dem Klassesall an esouguer aus dem Schoulhaff verbannt. De Kanner gëtt de Choix ofgeholl, der Versuchung vum permanenten Handykonsum ze ënnerleien oder ëm ze widderstoen. Den digital natives - jonk a manner jonk Erwuessener -  ass dee Choix selwer iwwerlooss. D’Geschicht vun engem Echec.

auto_stories

4 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: Chris Zeien

E Fräie Mikro vun der Isabelle Medinger

Mobil Ecrane si feste Bestanddeel vun eisem Alldag, a ganz ville Situatiounen am Liewen. D’Surface vum mobille Schierm ass d’Fënster zur Welt. Eng geographesch Zäitrees hin an zeréck ass permanent verfügbar. Just zum presente Moment, ass da keen Zougang méi méiglech.

Um Iessdësch, doheem oder am Restaurant, fir de Bäifuerer am Auto (dacks souguer de Chauffer selwer), beim Spadséieregoen mam Kand an der Poussette, oder als Accompagnateur an der Fuerstonn, dacks liewen Erwuessener, sief et Elteren oder Erzéiungsberechtegten de Kanner vu klengem un dat konstant Benotze vum Handy vir. Et gëtt mam Handy bezuelt an de Virgäertchen ob Distanz iwwerwaacht. Ëmmer schéin online.

Handyverbuet an de Schoulen: Eng noutwenneg Mesure

Eist Gehier ass also dacks "far and away" an datt mer net esou multitaskingfäeg si wéi mer mengen, gesäit een honnertfach, wann ee ronderëm sech kuckt an dee vage Bléck observéiert, deen d’Leit dobaussen hunn, wa se um Handy sinn. Och ouni ob de Schierm ze kucke kréie se alles ronderëm sech nëmme schemenhaft mat.

An de Schoulen ass den Handy an Zukunft net méi erlaabt. Mir wëllen eise Kanner an dem Léierpersonal déi Oflenkung déi fir d’Kommunikatioun an de Klassen total kontraproduktiv ass net méi zoumudden. Datt et sou wäit huet misste kommen ass en Zeeche vum Echec.

De Motto ass: Maach wat déi Erwuessen der soen, maach hinnen et awer nëmmen net no!

De Verbuet an de Schoulen ass einfach ëmzesetzen, d’Kontroll dovun och.

Sanktioune fir Handybenotzung am Auto: En hallefhäerzege Schratt

Am ëffentleche Raum ass dat e bëssen anescht. Och wann d’Interdictioun um Ecran ze klimperen an ze swipen am Auto gëllt, huet et awer missen zu Sanktioune komme fir dem klore Mënscheverstand ob d‘Spréng ze hëllefen. An dann nach! 250 Euro, 4 Punkten ass e wichtegt Signal, mee wann een der Saach ob de Fong geet, ass déi Mesure eng hallefhäerzeg an och just politesch vertrietbar.

Sécherheetsrelevant wier se just, wann all Gespréich um Handy ënner egal wéi enger Form verbuede wier (an natierlech och respektéiert géif ginn). D’Oflenkung a Konzentratioun vum Gehier ass op den Inhalt vum Gespréich fokusséiert. Dat ass net meng gefillte Meenung, mee eng längst bewise wëssenschaftlech Erkenntnis.

D'Sécherheet am ëffentleche Raum géif weider Sanktioune fuerderen

Dat gëllt natierlech och fir d’Foussgänger a Cyclisten. Do gëtt de Code de la Route awer kee Verbuet hier. Dat géif natierlech och wäit goen. Mee grad déi vulnerabelst, dierfe weider ferngesteiert duerch den Handy iwwert d’voie publique geeschteren, ouni eng Sanktioun musse fäerten.

Vill schlëmmer nach, si huele selwer e grousse Risiko a Kaf. Wéi gesot, ass dat lo keng Fuerderung fir weider Verbueter a Sanktiounen anzeféieren, och wann dat aus Siicht vun der Sécherheet am ëffentleche Raum néideg wier. Fir all Bedeelegt.

Lauschterenplay_arrow