Un 52 Grenziwwergäng tëschent Däitschland a Pole ginn d’Kontrollen also haut de Moien offiziell un. An obwuel déi polnesch Regierung de 7. Juli als Startdatum vun de Grenzkontrolle genannt hat, goufen un der däitsch-polnescher Grenz iwwer de Weekend scho vereenzelt Leit ugehalen. Dat mellt den Norddeutscher Rundfunk.
Tusk ënner Drock
Déi polnesch Regierung war an de leschte Méint ënner Drock geroden. Well Däitschland schonn zënter Oktober 2023 vereenzelt, an zënter Mee vun dësem Joer verstäerkt Grenzkontrollen duerchféiert, géifen elo ëmmer mei Leit a Polen Asyl ufroen. Dat ass d’Argument vun der polnescher Oppositioun, virun allem vun der rietskonservativer Partei PiS.
Vertrieder:inne vun der PiS reprochéieren der Regierung vum Donald Tusk, si hätt d’Kontroll iwwer d’Grenz verluer. Elo huet den Donald Tusk dorop reagéiert.
Kritik virun allem aus der Wirtschaft
Kritik un der Mesure gëtt et virun allem vun de Grenzgänger an aus der Wirtschaft. D’Industrie- an Handelskammer vum Land Brandenburg sot, Pole wier de wichtegsten Handelspartner vum Land. A béid Richtunge géifen all Joer Wueren am Wäert vun iwwer 4 Milliarden Euro iwwer d'Grenz goen.
Zéngdausende Leit, déi als Grenzgänger am jeeweils anere Land schaffen, si vun de Kontrolle betraff. Och d’Transportindustrie schléit Alarm: Polnesch Logistikfirmae beliwwere Fabricken a ganz Westeuropa mat Wueren aus Polen.
Alexander Dobrindt verteidegt d'Mesure
D’Gewerkschaft vun der däitscher Police iwwerdeems fäert, datt Asylbewerber elo duerch déi béidsäiteg Kontrolle kéinten hin- an hiergeschéckt ginn. Den zoustännegen däitsche Bundesinneminister Alexander Dobrindt gesäit keng Gefor fir esou e Pingpong: An der Praxis wieren Onstëmmegkeeten tëschent der Bundespolizei an hirem polnesche Pendant bis elo seelen.