arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nord-Stream-Sabotage: Verdächtegen Ukrainer an Italie festgeholl ginn

Bundesanwaltschaft mellt

|
headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Nord-Stream-Sabotage: Verdächtegen Ukrainer an Italie festgeholl ginn

An Italien ass en Ukrainer festgeholl ginn, dee fir d’Sabotage vun den Nord-Stream-Pipelinen am September 2022 soll mat responsabel sinn. Den däitsche Parquet huet dat um Donneschdegmëtteg bekannt ginn.

headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Enn 2022 haten eng Rei Explosiounen d’Nordstream-Gasleitunge beschiedegt, duerch déi kee russesche Gas méi an Däitschland konnt fléissen. 

Den Ukrainer gouf vun der italienescher Police festgeholl. Hie soll ee vun de Coordinateure vun enger Grupp gewiescht sinn, déi d’Nordstream-Pipelinë sabotéiert hat. De Beschëllegte soll an der Nuecht vu Mëttwoch op Donneschdeg zu Rimini wärend senger Vakanz mat der Famill gefaasst gi sinn.

Segelyacht mat gefälschten Dokumenter gelount

D'Grupp hat viru ronn dräi Joer bei der dänescher Ostseeinsel Bornholm, Sprengsätz un de Gas-Pipelinen ugemaach an domat véier Lächer an d’Pipelinë gesat.

D’Grupp soll eng Segelyacht vu Rostock aus, an Däitschland, geholl hunn. Un hirt Transportmëttel wiere si iwwer gefälschten Dokumenter komm, déi si benotzt hate fir d’Segelyacht bei enger Entreprise ze lounen. 

Beschëllegte gëtt un Däitschland ausgeliwwert

D’Explosiounen haten deemools fir vill Diskussioun gesuergt. Am Kontext vum russeschen Ugrëffskrich ware vill Leit, och ouni Beweiser, vun engem Sabotage ausgaangen. Souwuel d’USA wéi och d’Ukrain hate behaapt näischt mam Schued un der Gasleitung ze dinn ze hunn. Och Russland hat d’Schold vu sech gewisen. 

De Beschëllegte soll deemnächst un Däitschland ausgeliwwert ginn an do fir ënner Anerem verfassungsfeindleche Sabotage viru Geriicht kommen. An Dänemark a Schweden waren d’Ermëttlunge schonn zejoert ofgebrach ginn.

 

play_arrow Lauschteren