D‘CSV Deputéiert wollt wëssen ob et stëmmt dat verschidden Importateure vu Liewesmëttel d‘Produite mussen auspaken an dann nees nei apake fir dat se konform mam Lëtzebuerger Gesetz wieren. Doduercher géif nach méi Offall entstoen. Dat wier bei eenzele Produite wéi Andéiwen effektiv de Fall, sou d‘Ëmweltminsiterin. Hei wieren och d‘Importateuren an der Responsabilitéit fir hir Liwwerketten unzepassen an déi Produzenten auszewielen di manner Plastikverpackunge benotzen. Op europäeschem Niveau solle weider un enger besserer Harmoniséierung vun de Reegele geschafft ginn.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ Verschidde Produite mussen hei am Land nei verpak ginn
Verpackungs-Gesetz
Verschidde Produite mussen hei am Land nei verpak ginn
Mam Handel lafe permanent Gespréicher an et gëtt och op EU Niveau un engem neien EU-Reglement, fir Verpackungs-Offall ze verhënnere, geschafft, dat erkläert d‘Ëmweltministerin an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro.
auto_stories
1 min