Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Lizzo - Love in Real Life

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verhandlungen iwwer Enn vum Ukrainkrich sollen e Sonndeg ufänken

Amerikaneschen Emissär annoncéiert

Verhandlungen iwwer Enn vum Ukrainkrich sollen e Sonndeg ufänken

Et misst nach un e puer Detailer geschafft ginn, esou de Steve Witkoff. Den amerikanesche President Donald Trump hat den Dënschdeg zwou an eng hallef Stonne laang mam russesche President Wladimir Putin telefonéiert. Dem Trump no wier et e gutt Gespréich gewiescht.

auto_stories

1 min

Steve Witkoff | © picture alliance / NurPhoto | Andrew Thomas
Steve Witkoff (Foto: picture alliance / NurPhoto | Andrew Thomas)

Am Géigesaz zum ukrainesche President Selenskyj huet hie sech allerdéngs net fir eng komplett Trève ausgeschwat. Hie wëllt awer 30 Deeg laang d'Energieinfrastruktur am Nopeschland verschounen, wann d'Ukrainer dat och maachen. De President Selenskyj wëllt sech fir d'éischt de ganzen Accord ukucken, weist sech awer prinzipiell averstanen.

Den Trump huet an engem Interview dementéiert, datt Russland en direkte Stopp vun der amerikanescher Militär- a Geheimdéngschthëllef gefuerdert hunn.

An der Praxis geet de Krich allerdéngs riicht virun, den Dënschdeg goufen an der Ukrain nees zivil Infrastrukture getraff, dorënner e Spidol. Op russescher Säit ass dogéint e Pëtrolsdepot a Flamen opgaangen.