Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
search

/ Verdacht op Vergëftung: Doudeg Kuebe vu Beetebuerg fir Analysen am Labo

Naturverwaltung

Verdacht op Vergëftung: Doudeg Kuebe vu Beetebuerg fir Analysen am Labo

Eng Rei vun de Kueben, déi dout am Beetebuerger Schlasspark fonnt goufen, goufen elo vun der Naturverwaltung an de Labo fir Veterinärsmedezin bruecht. Hei soll analyséiert ginn, u wat d‘Kuebe gestuerwe sinn.

auto_stories

1 min

Kueben | © Kostyantyn Ivanyshen / Bigstock
Kueben (Foto: Kostyantyn Ivanyshen / Bigstock)

D‘Naturverwaltung huet gëschter per Communiqué preziséiert, datt och schonn déi zwee lescht Joer doudeg Kueben an der Géigend fonnt goufen. No Analyse gouf de Constat gemaach, datt dës net un enger Krankheet gestuerwe sinn. Wuel wier keng toxesch Substanz fonnt ginn, an awer hätt een de Verdacht festgehalen, datt si vergëft goufen, esou d‘Naturverwaltung.