Allerdéngs mengt méi wéi d’Hallschent vun den 18 bis 24-järegen net-Lëtzebuerger:innen, datt d’Demokratie net déi bescht Regierungsform ass. 35 Prozent vun de jonke Lëtzebuerger:inne sinn och där Meenung.
Donieft si 54 Prozent vun all de Bierger:innen der Politik géintiwwer mësstrauesch agestallt.
Den CSV-Chamberpresident Claude Wiseler nennt déi Zuelen de Mëtte beonrouegend. Den éischte Bierger vum Land seet sech als Politiker doduerch responsabiliséiert. Elo misst ee mat der nächster Etüd méi an d’Déift goen, fir genee ze wëssen, firwat dat sou ass. Fir de Claude Wiseler ass dat doten allzäit en Appell un d’Politik, fir sech Froen ze stellen.