Radioen

On air

Tockcity  |  Justice, Tame Impala - Neverender

play_arrow Live
search

/ Ventes en état futur d’achèvement: Un 11 Projete gëtt geschafft, ronn 30 goufe refuséiert

Logement

Ventes en état futur d’achèvement: Un 11 Projete gëtt geschafft, ronn 30 goufe refuséiert

Un 11 sougenannte VEFA-Projete gëtt am Moment geschafft. Déi Zuelen huet de Logementsminister an der zoustänneger Chamberkommissioun presentéiert. Mat der staatlecher Interventioun bei de "Ventes en état futur d’achèvement" wëll de Staat privat Projeten opkafe fir méi bezuelbare Wunnraum ze schafen.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow
Foto: Archiv

No engem Joer ginn et deemno éischt Resultater. Ee konkrete Projet ass ënnerschriwwen. Et handelt sech ëm de Mattendall zu Déifferdeng. Hei entsti fir 33 Milliounen Euro 61 Wunnengen. Véier weider Projete sinn an der Preparatioun. Et geet do ëm 125 Wunnenge fir 55 Milliounen Euro, a 6 Projete sinn an der Diskussioun. Do geet et ëm 186 Wunnengen.

Eng 30 Projeten hunn da misse refuséiert ginn, well d’Konditiounen net erfëllt waren. Dem Logementsminister Claude Meisch no wier een amgaang, d’Conditioune fir den Opkaf ze iwwerschaffen.

"Mir sinn och amgaang, eng éischt Analys ze maachen iwwer d'Krittären, wäerten dat och mat de Promoteuren an Developpeuren nach eng Kéier kucken, fir datt mir déi Prozedur esou kënne gestalten, datt mir relativ schnell do op der enger Säit kënnen agéieren an decidéieren, op der anerer Säit natierlech awer och sämtlech Garantien hunn." 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Logement
Politik